Nordrhein-Westfalen: Däitschland mellt den éischten Tornado-Verdacht am neie Joer

Den éischten Tornado-Verdacht aus gräifbarer Géigend fir dëst Joer kënnt aus Nordrhein-Westfalen.

“Unklare Sturmschäden”

Um vergaangene Sonndenowend sinn d’Pompjeeën aus dem Selfkant (NRW) op Isenbruch geruff ginn. Gemellt goufen “unklare Sturmschäden”, déi de Pompjeeë selwer no engem Tornado zouzeschreiwe wieren. Dobäi si méi wéi 10 Gebaier beschiedegt ginn. Sämtlech Géigestänn, déi vum Wand matgerappt goufen an op den Diecher gelant sinn, goufen erofgeholl. Den Asaz war no gutt zwou Stonnen eriwwer, wéi et op der Facebooksäit heescht.

Den Thomas Sävert, Tornadofuerscher a Grënner vun der Internetpräsenz Tornadoliste Deutschland, kommentéiert dozou awer, et soll een nach e bëssen ofwaarden, wat wierklech um Fall drun ass.

Zum Zäitpunkt wou de Schued entstaanen ass, ass eng méi kräfteg Schauerlinn iwwer d’Géigend ewechgezunn, dat mat deels méi intensive Nidderschlagskären dran. Amplaz vun engem Tornado kéint et sech also och ëmt e sougenannten “Downburst” handlen, bei deem de Wand op enkem Raum aus méi héije Loftschichten op de Buedem gedréckt gëtt. Downbursts kënnen duerchaus en änlecht Schuedensbild ausléise wéi en Tornado.