Norwegen a Schweden: Äerdrëtsch a Bullislawinnen duerch grouss Reequantitéiten erwaart

E markant Stuermdéif bréngt net nëmmen zolitte Wand un d’Ostséi, mee virun allem och méi wéi 150 l/m² Reen a Skandinavien. D’Wiederdéngschter warne viru Bullislawinnen an Äerdrëtsch.

Titelbild: wxcharts.com

Advertisement

D’Situatioun

Iwwert de Weekend ass en Déifdrockgebitt vun Tschechien aus a Polen eragezunn a läit an Tëschenzäit iwwert der Ostséi. Virun allem un der Ostséi ass duerch dëst Déif mat kräftegem Stuerm ze rechnen, méi am Fokus ass awer de Reen deen de System mat sech bréngt. D’Déifdrockgebitt bleift vun haut un bis an de fréien Donneschdemoien eran iwwer Skandinavien hänken, wat vill Reen fir Géigenden a Norwegen & Schweden bedeit. Duerch hir Landschaft resultéieren dës Reequantitéite séier a Gefore wéi Äerdrëtsch a gréissere Bullislawinnen, virun deenen déi staatlech Wiederdéngschter och schonn warnen.

D’Reequantitéiten

Dem Super-HD Modell vum Kachelmann no sinn am Südoste vu Norwegen, knapp nërdlech vun der Haaptstad Oslo, vun elo bis muer inclus Reequantitéite vun tëscht 70 an 160 l/m² ze erwaarden. Op der schwedescher Säit ass mat punktuell 100 l/m² ze rechnen. Bis an de fréien Donneschden era soll et weider reenen, wouduerch een nach eng Kéier vun tëscht 20 a 50 l/m² op den eenzelne Plaze kann ausgoen.


Déi berechent Reequantitéite vum europäesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit kee gréisseren Ënnerscheed an ass mat bis zu 170 l/m² bis an de fréien Donneschdemoien eran ënnerwee. Den däitschen ICON gesäit 200 l/m², mee dat en Tick méi wäit nërdlech. Et sollt ee sech net op déi eenzel Wäerter konzentréieren – fest steet, dass all Modell eng gréisser Onwiederlag fir Skandinavien ukënnegt. Déi eigentlech Gefor ass net de Reen, mee méi eben d’Auswierkungen dovun an der Landschaft.