Nuecht op de Méinden: Éicht Flacken am Norde méigleg

Nodeems mir an de leschten Deeg schon zesummen op de Schnéirisk an der kommender Nuecht ze schwätze koumen, ass et elo ëmmer nach wahrscheinlech, dass et zu den éichte Flacke vun der Saison komme wärt.

Haaptsächlech op de Koppen

An dëser Nuecht zéien aus südleche Richtunge Nidderschléi an d’Land eran. D’Temperature faale bis an déi zweet Nuetshalschend op 7 bis 3 Grad am Süden, lokal och bëssen drënner. Am Norde geet et mat 5 bis 2 Grad méi wäit eroof, plaatzeweis gëtt de Gefréierpunkt ereecht. Duerch den opkommende Nidderschlag kann et virun allem op den héchste Koppe vum Land, sou ab ~450 Meter iwwert dem Mieresspigel, zu den éichte Schnéiflacke vun der Saison kommen. Op manner héige Plaatzen ass mat Schnéireen oder haaptsächlech och nëmme Reen ze rechnen.

Ob éicht Flacken oder net, am Norde kann et egal wéi glaat ginn. D’Temperature wärten op Buedemhéicht bis op ënnert de Gefréierpunkt faalen, soudass déi naass Stroossen och mol glaat kënne ginn. Ab dem spéide Méindemoie sollt dëst awer keen Thema méi sinn.

Um Dënschden erwaart eis eng spannend Wiederlag duerch e méiglege Stuerm an en erhéichte Risk vu méi groussflächëge Schnéischaueren. Demnächst gëtt et den Détail dozou.

HINWEIS: Et si Wiederhinweiser aktiv!