Nuecht op de Mëttwoch: An den Däller kann erëm liichte Frascht optrieden

Änlech wéi d’lescht Woch en Donneschden ass och muer de Moien erëm mat zimmlech kille Géigenden ze rechnen, virun allem d’Däller am Norde si betraff.

Advertisement

“Kaltlufttropfen” bréngt nach eng Kéier Frascht

E Mëttwoch läit e sougenannte “Kaltlufttropfen” direkt iwwer Däitschland a beaflosst domat och Lëtzebuerg. Dagsiwwer gëtt et zwar och méi kill, mee den Effekt spiere mir haaptsächlech e Mëttwochmoie fréi. D’Temperature gi méi wäit zréck, besonnesch an den Däller am Norde vum Land ass erëm liichte Frascht méiglech.


De Kaltlufttropfen e Mëttwochmoien iwwer Däitschland | Grafik: wxcharts.com

Déi héichopléisend Wiedermodeller rechne mat engem Minimum vun tëscht -2 an 1 Grad an den Däller. Ofgesi vun dësen ass an der Nordhallschent mat tëscht 1 a 4 Grad ze rechnen, an der Südhallschent si mir bei 3 bis 6 Grad ënnerwee – et wäert also zu gréisseren Temperaturënnerscheeder kommen.

Genee wéi virun bal enger Woch heescht et also och dës Kéier erëm, un déi empfindlech Planzen ze denken.