Nuecht op den Dënschde: Klengt Déif dréckt Schnéiwarscheinlechkeet an d’Luucht

An dëser Nuecht kënnt vun der Nordséi hier en Déifdrockgebitt an Däitschland eragezunn. Dëst Déif bréngt Nidderschléi mat sech, déi och eis hei zu Lëtzebuerg sträife kënnen.

De Moment leie mir erëm ënner méi kille Loftmasse, wat ee besonnesch an de Nuechte mierkt. Et geet erëm op däitlech ënnert de Gefréierpunkt zréck, glat Stroosse sinn esouguer plazeweis méiglech. An dëser Nuecht ass de Risk dovun e bësse méi grouss, dat well eis am Laf vun der Nuecht aus Nordwesten Nidderschléi areechen. Dat duerch en Déifdrockgebitt, wat vun der Nordséi hier op Mëtteleuropa trëfft. D’Temperature ginn op tëscht -3 a 0 Grad zréck, d’Modeller rechnen dobäi parellel dozou mat liichte Nidderschléi duerch dat klengt Déif, wat nërdlech u Lëtzebuerg laanschtzéie wäert.


De Verlaf vun der Nuecht | Animatioun: wxcharts.com

Heescht: an der Nuecht op den Dënschde kann et net ausgeschloss ginn, dass et zu eenzelne Schnéischauere kënnt, dat besonnesch am Norden op Plazen déi op iwwer 450/470 Meter leien. Vun de Quantitéiten hier sollt ee sech näischt erwaarden, et ass éischter méi héchstens mat engem dënne Flom ze rechnen. Schon um fréien Dënschdemoie/Virmëtten ass et erëm ze mëll fir Schnéiflacken.