Nuecht op den Donneschden: E kuerze Comeback vum Frascht

An der Nuecht op den Donneschde kënnt de Frascht zréck op Lëtzebuerg. Denkt also erëm un empfindlech Planzen.

Advertisement

Virun allem an der Nordhallschent

Héichopléisend Wiedermodeller gesinn bis den Donneschdemoien zimmlech kill Temperaturen op eis duerkommen, déi esouguer bis an de fraschtege Beräich erofginn. An der Nordhallschent vum Land kann et an den Däller duerchaus mol op tëscht -1 an 1 Grad zréckgoen. Direkt um Buedem kann et mat bis zu -4 Grad zu Buedemfrascht kommen.

Am Rescht vum Land hale sech déi nidderegst Wäerter bei tëscht 1 a 4 Grad op, et gëtt also méi groussflächeg eng zimmlech kill Nuecht. Déi mëllst Géigende bleiwen déi, déi an der Ëmgéigend vu gréisseren Uertschaften/Stied leien – do ass mat Minimalwäerter vun tëscht 3 a 6 Grad ze rechnen. Sollt Dir also schonn méi empfindlech Planzen dobaussen hunn, dann denkt un dës.

An de Nuechten drop gëtt et erëm kontinuéierlech méi mëll, Frascht ass dann och keen Thema méi.