Nuecht op den Donneschden: Hiweiser viru nidderegen Temperaturen & glate Stroossen

An der Nuecht op den Donneschde kënnt et nach eng Kéier zu Frascht, ier et um Donneschde selwer e gutt Stéck méi waarm gëtt. Et si nach eng Kéier Wiederhiweiser néideg.

Eng lescht Kéier dës Woch

Fir eng lescht Kéier an dëser Woch ass an der kommender Nuecht, der Nuecht op den Donneschden an och den Donneschdemoie fréi, e Wiederhiweis viru nidderegen Temperature néideg. De Grond: lokal sinn erëm, haaptsächlech an den déifsten Däller, Minimaltemperature vu bis ëm -7 Grad an deels drënner ze erwaarden. Dëst ass fir de Norden de Fall, an der Südhallschent sollte mir gréisstendeels iwwert dëse Wäerter bleiwen.

Zumools agangs der Nuecht kann et duerch Nätzt déi erëm fréiert lokal zu glate Streckenofschnëtter kommen, dat gëllt fir dat ganzt Land. Am weidere Verlaf vun der Nuecht geet de Risk vu glate Stroossen erëm bëssen zréck, well et sech ëm dréche Keelt handelt.

D’Warscheinlechkeet vu Frascht a glate Stroosse geet a Richtung Enn der Woch e gutt Stéck zréck, well mir erëm ënnert méi mëlle Loftmasse leie wäerten.