Zwar passéiert eis an der Nuecht op den zweete Januar eng Kalfront mat engem méi stramme Wand, mee d’Intensitéit ass erofgaangen. Méi oder manner onverännert weist sech d’Warscheinlechkeet fir e bësse Schnéi.
Advertisement
Wand gëtt spierbar, mee Stuermstéiss gi méi onwarscheinlech
An de leschten Deeg gouf et zwou Zorte vu Modeller: Déi eng hu Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss fir d’Nuecht op den zweete Januar berechent, déi aner waren e bësse méi gemittlech ënnerwee an hunn ausser e puer stramm bis hin zu stiermesch Wandstéiss net vill ugewisen. Elo, wou den Zenario méi no kënnt, kristalliséiere sech d’Détailer ëmmer méi eraus.
Stand aktuell bleift et esou, dass zumools den amerikanesche Wiedermodell ëmmer nach deen ass, deen an der genannter Nuecht Stuermstéiss op eis duerkomme gesäit – also Wandstéiss vun iwwer 74 km/h. Fir genee ze sinn, gi momentan nach Spëtzte vu bis zu 85 km/h berechent. Domat steet de Modell awer an Tëschenzäit alleng do, well all déi aner weider zréckgeruddert sinn – se hu sech ëmmer méi de Léisungen ugepasst, déi zanter dem Ufank méi niddereg Wandvitesse fir eist Land gesinn. Dat heescht, dass eis an der Nuecht op en Donneschden am warscheinlechsten Wandvitesse vun tëscht 50 a 70 km/h wäerten erwaarden – sollt e méi kräftegt Schauersegment optrieden, da sinn awer och vereenzelt Stuermstéiss vun e bëssen iwwer 75 km/h net onméiglech. Alles an allem also kee Stuerm, mee einfach eng lëfteg bis liicht stiermesch Wiederlag.
Keng grouss Ännerungen a Saache Schnéiflacken
Déi meescht Modeller bleiwen der Meenung, dass eis un dëser Front och e bësse Schnéi wäert erwaarden. Dëst läit dorun, dass d’Temperaturen direkt hannert der Kalfront wäerte falen: Bis an de fréien Donneschdemoien eran wäerten d’Temperaturen iwwerall op tëscht -1 an 1 Grad zréckgoen.
Zéien d’Nidderschléi vun der Kalfront net ze séier aus dem Land eraus, da solle de Reen doduerch a Schnéireen a Schnéifall iwwergoen, deen zumools op de Koppe ka leie bleiwen. Tëscht 1 a 4 cm gi momentan als realistesch ugesinn, besonnesch op Koppen déi op iwwer 400/450 Meter leien. Den Zäitpunkt fir Schnéischauere gëtt op tëscht 2 a 9 Auer Moies geschat.
Plazen, déi drënner leien, kënnen zwar och Flacken ze gesi kréien, vill sollt dovun awer net leie bleiwen. Egal ob e bësse Schnéi oder net, glat ginn kann et am ganze Land.