Nuecht op e Freiden: De Frascht kënnt nach eng Kéier kucken

An der nächster Nuecht a muer de Moie fréi ass erëm mat liichtem Frascht ze rechnen. Denkt also un empfindlech Planzen.

Advertisement

Kuerzzäiteg erëm Frascht bei eis

An der vergaangener Nuecht sinn d’Wäerter an den Däller am Norden op e Minimum vun ëm 0 Grad zréckgaangen. Elo an der nächster Nuecht kënnen dës Wäerter ënnertraff ginn, denkt also, falls Dir am Fall sidd, un empfindlech Planzen.

Bis muer de Moie fréi ginn d’Temperaturen an der Nordhallschent vum Land op tëscht -3 a -1 Grad zréck, am Rescht vum Land ass et mat tëscht -2 an 1 Grad net vill méi mëll. Am Dag huet et plazeweis e bësse gereent, wouduerch natierlech och e klenge Risk dovu besteet, dass et mol duerch Nätzt déi fréiert zu glate Streckenofschnëtter komme kéint.

D’Nuecht op e Samsde gëtt mat 0 bis 3 Grad och eng kill, mee et geet biergop. An der Nuecht op e Sonnde leie mir schonn erëm bei 4 bis 7 Grad a beweegen eis domat also erëm vum Gefréierpunkt fort.