Nuecht op e Sonnden: Eng Waarmfront bréngt Risk vu Glëtz mat sech

Wéi gëschter kuerz ugeschwat, drécke sech an der Nuecht op e Sonnde waarm Loftmassen an der Héicht iwwer kill Loftmassen um Buedem. Esou kann et, trotz fraschtegen Temperaturen op Aenhéicht, trotzdeem reenen.

Advertisement

Keng ontypesch Wiederlag

Wat d’Modeller zanter e puer Deeg fir d’Nuecht op e Sonnden undeiten, ass näischt aussergewéinleches. Et kënnt am Wanter ëmmer erëm vir, dass et duerch dës Wiederlagen zu Glëtz an domat och mol spigelglate Stroosse ka kommen. Mee wéi genee kann et dann iwwerhaapt reenen, obwuel den Thermometer am Beräich vum Gefréierpunkt läit?

An dësem konkrete Fall ass et esou, dass eis déi kill Loftmassen, déi eis d’Kalfront vun de Moie bruecht huet, nach bis de Weekend wäerten halen – bis an d’Nuecht op e Sonnde, fir genee ze sinn. Dann gerode mir op déi mëll viicht Säit “Vorderseite” vun engem Déif, wat zu dem Zäitpunkt mat sengem Kär nach iwwert dem Atlantik läit. Well kill Loftmasse méi schwéier sinn wéi waarm Loftmassen, dréckt sech déi waarm Loft wéi e Käil no a no an der Héicht iwwert déi kill Loftschicht. Wat d’Waarmfront weider virukënnt, wat och d’Loftschichte vun uewe bis ënne no a no méi waarm ginn – et ass also net esou, dass d’Loftmassen an allen Héichten direkt ausgetosch ginn.


Déi atmosphäresch Schichtung vun de Loftmassen am Fall vu Glëtz | Grafik: National Weather Service (NWS)

Wéi op dëser Grafik gewisen, weist sech déi éischt Phas doduerch, dass et mol nach gréisstendeels schneit, well déi mëll Loftmasse nach kee groussen Afloss weisen. Am weidere Verlaf geet de Schnéi a Schnéireen iwwer, de Buedem bleift gefruer. De weidere Fortschrëtt weist sech, andeems och de Schnéireen ëmmer méi zu Reen gëtt – mee zur selwechter Zäit sinn déi waarm Loftmasse nach net esouwäit komm, dass sech och de Buedem schonn markant erwiermt. Heescht: Et reent op de nach ënnerkillte Buedem, wat fir de klassesche Glëtz suergt. Stroossen, Trottoiren a Weeër kënne séier spigelglat ginn. Wéi eng Roll de Schnéi dobäi spillt, kläre mir geschwënn.


De Beräich mam Glëtz ass orange agezeechent | Animatioun: wxcharts.com

E wichtegen mee nach ongekläerten Détail ass deen, wéi laang dës eenzel Phasen wäerten daueren. Wat se méi laang halen, wat d’Auswierkungen méi markant sinn. Geet et awer zimmlech séier iwwert d’Bün, da gëtt et zwar och glat, mee den Zäitraum gëtt méi kleng gehalen.

De Schnéi a seng Auswierkung op de Glëtz

Momentan gesäit et jo dono aus, wéi wann et am Virfeld an engem gréissere Beräich soll schneien. Geet de Schnéi duer, fir eng dënn Couche ze forméieren, dann huet de nofolgende Glëtz op mat Schnéi bedeckt Flächen e net esou “dramateschen” Effekt. Sollt de Schnéi awer geraumt ginn, egal ob Strooss, Trottoir oder Wee, dann ass de Risk dass dës spigelglat ginn schonn direkt méi héich.

Vun der Zesummesetzung vun der Grousswiederlag hier ass et net esou wéi d’lescht Joer, wou et fir d’éischt zu Glëtz koum an dann zu massivem Schnéifall, deen vun enger nofolgender Kalfront ausgeléist huet. Zwar zitt och an dësem Fall eng Kalfront iwwert eis ewech, mee vill méi spéit. Et ass also net ze erwaarden, dass sech duerno eng grouss Mass u Schnéi um Glëtz forméiert.