Nuecht op e Sonnden: Et gëtt zimmlech kill, plazeweis Buedemfrascht méiglech

Héije Loftdrock ass erëm um Rudder – wat awer och heescht, dass et an dëser Nuecht gutt kann ofkillen. Plazeweis kéinte mir um Buedemfrascht krazen, denkt also un Är empfindlech Planzen.

Advertisement

D’Situatioun

De Moment leie mir erëm ënnert méi stabilem Héichdrockafloss – a wéi dat och typesch ass, kann et an enger klorer Nuecht och gutt ofkillen, besonnesch an der momentaner Joreszäit. Ier eis schonn geschwënn erëm méi waarm Loftmassen erwaarden, wat mir an engem aneren Artikel thematiséieren, kucke mir op eng zimmlech kill Nuecht déi eis an de nächste Stonnen usteet.

Bis muer de Moie rechnen déi héichopgeléist Wiedermodeller domat, dass eis Temperaturen op ëm 3 Grad kënnen zréckgoen. Mir schwätzen hei awer haaptsächlech vun der Nordhallschent vum Land, méi genee gesot vum äusserste Norden a Nordwesten. Op direkter Buedemhéicht rechnen d’Modeller mat Wäerter vun tëscht 0 an 2 Grad.

Mee wéi gesot, et geschitt net iwwerall. Am Rescht vum Land ginn eis Minimalwäerter op tëscht 4 a 7 Grad zréck, op Buedemhéicht leie mir bei tëscht 2 a 5 Grad. Ronderëmt gréisser Uertschaften a Stied leie mir driwwer.