Nuecht op e Sonnden: Op e Neits Polarliichter méiglech

Dir hutt d’Polarliichter vu viru bal enger Woch verpasst? Da kritt Dir an der nächster Nuecht méiglecherweis nach eng Chance. De Space Weather Prediction Center (SWPC) huet eng Virwarnung erausginn.

Sonnestuerm ënnerwee

De Space Weather Prediction Center huet fir dës Nuecht eng Virwarnung virun engem geomagnéiteschem Stuerm erausginn. Et wier ze erwaarden, dass e géint 18 Auer UTC, also géint 19 Auer eiser Zäit, op der Äerd ukënnt an esou op e Neits fir Polarliichter suergt. Si rechnen domat, dass d’Aktivitéit bis an de Sonnden era sollt unhalen.


D’Virwarnung vum SWPC fir dës Nuecht | Grafik: NOAA

Erëm fotografesch bei eis siichtbar

De Polarliicht-Display wäert zwar net méi esou intensiv ausfalen wéi déi lescht Kéier, mee och net vill manner staark. Et ass e KP-Index vu 5 virausgesot, wat bei de richtegen Observatiouns-Konditiounen fir fotografescht Polarliicht sollt duergoen. Dofir gëtt geroden, sech déi däischterst Plaz ewéi méiglech ze beginn an eng Laangzäitbeliichtung a Richtung Norden ze maachen.


D’Prognos fir de KP-Index an de mëttlere Breeten | Grafik: Andreas Möller, Donnéeën: SWPC

Zu de Konditiounen zielt natierlech och d’Wieder. Virun enger Woch ware vill Wolleken ënnerwee an et huet ee sech missen e bësse gedëllegen, bis e puer Opkläerungen opkoumen. Dës Kéier gesäit et, alleng just wat d’Wolleken ugeet, vill besser aus – mee et muss een d’Rechnung och mam Niwwel maachen, deen an den ënneschte Schichten wäert ënnerwee sinn. De meeschte Modeller no soll deen nämlech den Haapt-Stéierfaktor sinn, deen der ganzer Saach zu Lëtzebuerg kéint e Stréch duerch d’Rechnung maachen.


Wat ass de KP-Index? | Grafik: aurora-service.eu

Ofgesi vun eisem Land bestinn déi bescht Konditioune wuel iwwert der westlecher Mëtt vun Däitschland. Un den Alpe sinn se nach besser, mee et bleift ofzewaarden, ob do iwwerhaapt eppes wäert ze gesi sinn.