Nuecht op en Donneschden: Am äusserste Nordoste punktuell 1° net ausgeschloss

En Déif, wat mat sengem Kär iwwert dem Nordoste vum Atlantik läit, schëppt an der nächster Nuecht zimmlech kill Loftmassen op Lëtzebuerg. Lokal kéinte Wäerter vu knapp iwwert dem Gefréierpunkt optrieden.

Advertisement

Kill Loftmassen a net vill Wolleken…

… dëst geet dofir duer, dass et an der Nuecht op en Donneschden nach en Tick méi kal wéi an deene virdru ka ginn. Mir schwätzen heibäi haaptsächlech vu Géigenden am Éislek, besonnesch vun den Däller. Den héichopgeléiste Modeller no besteet haaptsächlech am Nordoste vum Land, dorënner de Raum Hengescht, Lieler an och Pëtschent, d’Warscheinlechkeet vun Temperaturen déi op tëscht 1 an 3 Grad zréckginn. Fir de Rescht si fir de Gros vun der Nordhallschent tëscht 4 a 7 Grad virgesinn.


Wann et tatsächlech esou kill gëtt, dann ass et an dësem Beräich am warscheinlechsten

An der Südhallschent komme mir mol net an d’Géigend dovun. D’Miniamltemperaturen hale sech gréisstendeels tëscht 5 a 9 Grad op.

An de kommende Nuechte kann et weiderhi ganz punktuell e gudde Krack méi kill ginn, wéi et an der net all ze wäit forter Ëmgéigend de Fall ass.