Nuetseilen opgepasst: De Perseiden-Meteorstroum erreecht geschwënn erëm säi Maximum

Zanter dem 17. Juli gesäit een se schonn méi oft: D’Stäreschnäizen, déi de Perseiden ugehéieren. De Weekend ass mat hirem Maximum ze rechnen, wat bei guddem Wieder richteg spektakulär ka sinn.

Advertisement

Maximum am August

Vu ronderëmt Mëtt Juli bis an den August eran gesäit een all Joer déi meescht Stäreschnäizen, déi de Perseiden ugehéieren. De Maximum ass ëmmer am August ze erwaarden, dës Kéier viraussiichtlech an der Nuecht vum Samsden op de Sonnden, also dëse Weekend. Dat bescht drun ass, dass de Maximum ebe komplett ënnert de Weekend fällt an et eigentlech just nach op d’Wieder ukënnt.

De Meteorstroum huet de Numm Perseiden, well se aus dem Stärebild Perseus ze fale schéngen. An de Nuechten, dorënner och déi op den 13. August, wärt dëst Stärebild ëmmer méi héich an den Himmel zéien, wouduerch een de Stroum ëmmer besser beobachte kann.


Grafik: esa.int

Firwat si Meteorstréim mol méi a mol manner gesinn?

All Joer am Juli/August duerchflitt d’Ärd d’Stëbswolléck oder de Schweif, deen de Koméit 109P/Swift-Tuttle hannert sech zitt. Stëbskären an aner Partikelen treffe mat enger Vitesse vun 215’000 Kilometer an der Stonn op d’Ärdatmosphär an där se uschléissend vergléien. Hei um Buedem gëtt dëse Prozess als Stäreschnäiz siichtbar. Heiansdo kënnen d’Schnäizen och mol méi grouss ginn, daat sinn dann sougenannt Boliden. Dës grouss Feierbäll kënnen ënner Ëmstänn méi hell wéi de Mound ginn an zéien oft e schéine Schweif hannert sëch, daat gären och mol iwwert den hallwen Himmel.


Grafik: earthsky.org

Wou a wéini gesäit een se am beschten?

Déi meescht Stäreschnäize gesäit een zwar tendenziell elo dëse Weekend, mee natierlech variiéiert den tatsächleche Maximum ëmmer. Et lount sech also och elo schonn, all Nuecht e Bléck an den Himmel ze geheien. Soubal et däischter ass kann een dat maachen, besser Chancen huet een awer kuerz viru Sonnenopgang.

Wa mir schonn bei Richtung sinn: Fir de Meteorstroum ze kucken, sollt een a Richtung Nordoste kucken. Wichteg dobäi ass awer, dass een sech wäit ewech vu Liichtquellen ophält (Liichtverschmotzung). Ideal ass et an engem stackdäischtere Feld, wou een fräi Siicht an den Himmel huet.

Wéi ass et mam Wieder?

Dëst Joer hu mir d’Chance, dass éischtens de Mound keng gréisser Liicht-Stéierunge sollt veruersaachen. Elo feelt ebe just nach dat passend Wieder dozou. Wéi an aneren Artikelen jo schonn ugeschwat, erwaart eis an dëser Woch e klengen Ëmschwong. Et ass net méi esou gro an och de Reen weist sech net méi esou oft.

Elo an der Nuecht op de Mëttwoch si vill Wolleken ënnerwee, an där op den Donneschde kéint een awer duerch e klore bis liicht wollekegen Himmel Chance hunn. Och an der Nuecht op e Freide sinn d’Chancen net esou schlecht, iwwerdeems fir d’Nuecht op de Samsden e Frontenduerchgang berechent gëtt. An der Nuecht op de Sonnden, also an der “Stäreschnäizen-Nuecht” si wuel Wollekefelder ënnerwee, et sollt awer gréisstendeels dréche bleiwen.

Dës Prognos kann allerdéngs nach änneren, virun allem déi fir de Weekend, well et ebe nach eng Zäitche bis dohin ass.