Omega-Wiederlag: Firwat sech fläit esouguer bis Mëtt November net vill ännert

Lues a lues kënnt d’Fro op, firwat sech elo schonn esou laang näischt un eisem Wieder geännert huet. Aktuellem Stand no kann dat deemno wéi och nach bis Mëtt November esou bleiwen.

Advertisement

Omega-Wiederlag huet eis am Grëff.

Dat, wat mir grad erliewen, ass den Afloss vun enger sougenannter “Omega-Wiederlag”. Bei esou enger hu mir en zentraalt Héich, wat vun Déifdrockgebitter ëstlech a westlech dovun “agekesselt” gëtt. An eisem elo relevante Fall streckt sech e markant Héichdrockgebitt vun de britteschen Inselen aus iwwer Europa bis op d’schwaarzt Mier eraus, iwwerdeems sech tëscht dem skandinaveschen a russesche Raum en Déifdrockgebitt dréint. Zur selwechter Zäit läit och iwwert dem Atlantik, onwäit vu Portugal a Spuenien, e weidert Déif. Och iwwert dem westleche Mëttelmierraum wäerte sech an de nächsten Deeg ëmmer erëm Déifdrockgebitter forméieren.


D’Omega-Wiederlag iwwer Europa | Grafik: wxcharts.com

D’Zesummespill aus dëse Faktoren ergëtt dann déi aktuell Wiederlag, bei där eist aktuellt Héichdrockgebitt net wierklech vun der Plaz kënnt. A genee dat zeechent déi sougenannt Omega-Wiederlagen och aus: Hir Struktur ka sech iwwer Wochen, deemno wéi och iwwert e Mount zéien. Iwwerdeems et ënnert dem Héich selwer kaum zu relevantem Reen kënnt, kënnen déi ëmleiend Déifdrockgebitter, déi d’Héich “festhalen”, fir gréisser Nidderschléi suergen. Duerch d’Positioun vum südwestlechen Déif iwwer Portugal konnt et an de leschten Deeg iwwerhaapt zu de Joerhonnertiwwerschwemmungen a Spuenie kommen. D’Héich, wat elo all déi Zäit iwwert eis läit, ass also mat Schold un der Katastroph.

Mee wouhier kënnt de Numm? Op der Wiederkaart kann een tëscht den Héich an Déifdrockgebitter eng Linn zéien, déi schlussendlech de griichesche Buschtaf “Omega” ergëtt.

Wéi laang bleift dat dann elo nach esou?

Fir fläit eng Äntfert op dës Fro ze fanne, kucke mir eis deen Modell un, deen an der Kuerz- a Mëttelfrist am wäitste kucke kann: den amerikanesche GFS-Modell. Dem neiste Stand vun dësem Modell no kann et duerchaus sinn, dass déi aktuell Omega-Wiederlag nach bis an déi zweet Hallschent vum November kéint unhalen. Den europäesche Modell gesäit “just” bis den 12. November an huet och keen Enn a senge Kaarte stoen.

Jo, zwar ginn déi verlässlechst Prognose ni iwwer 3 Deeg eraus. Well festgefueren Héichdrockgebitter awer eben esou laang iwwert enger Géigend hänken, sinn d’Prognosen ausnamsweis och iwwert e méi laangen Zäitraum méi akkurat. Dat eenzegt, wat an der kaler Joreszäit dotëschtfunkt, ass de Niwwel. Dëse Faktor ass eng Klengegkeet, mat där d’Modeller tatsächlech Schwieregkeeten hu fir erauszefilteren, wou a wéini sech de Niwwel wäert opléisen oder och net. Méi zur Niwwel-Situatioun fannt Dir hei.