Ongemittlech: Wéi sech de Wand an de Reen dës Woch wäerten entwéckelen

Nom Wochenausbléck vun de Moie gi mir an dësem Update méi genee op de Wand an och de Reen an. Vu Mëtt der Woch un suergen dës nämlech fir zimmlech ongemittlecht Wieder.

Advertisement

Un de Prabbeli denken, mee en awer och gutt unhalen

D’Westwiederlag, déi eis vu Mëtt der Woch un erwaart, bréngt net nëmmen däitlech méi Reen, mee och e spierbare bis deels stiermesche Wand. Mir kucken eis déi zwee Parameter an dësem Artikel e bësse méi genee un.


De viraussiichtleche Verlaf vum Wand bis Enn der Woch | Grafik: wxcharts.com

Wat de Wand betrëfft ware mir schonn de Weekend zäitweis mat ëm 50 km/h ënnerwee – och a noer Zukunft wäert sech net vill doru verbesseren. Den amerikanesche Modell rechent domat, dass et vu muer de Moien un bis de Freiden inclus ëmmer erëm zu stramme Wandstéiss kënnt. Vitesse vun tëscht 40 a 60 km/h sinn ze erwaarden, deemno wéi kann och zäitweis un de 70 km/h gekrazt ginn. D’Meenung vum europäesche Modell geet net wäit auserneen, just dass dësen am Laf vum Donneschdenomëtte Spëtzte bis ëm 80 km/h op eis duerkomme gesäit. De Weekend selwer soll et nach lëfteg bleiwen, mee net méi grad esou.

A wéi ass et mam Reen?

Iwwerdeems de Wand schonn muer vum Dënschden un e bësse méi relevant gëtt, ass vum Mëttwoch un mat däitlech méi Reen zu Lëtzebuerg ze rechnen. Bis e Sonnden reent et ëmmer erëm, dat och mol méi laang um Stéck. Virun allem e Mëttwoch an en Donneschde ka sech de méi laang unhalende Reen forméieren. Fir de Rescht vun der Woch ass et, wéi gesot, och mol nach naass – mee et kënnt dotëscht och zu kuerze méi frëndleche Momenter. Méiglecherweis ass d’Sonn och mol kuerz dobäi.


D’Reenzommen bis Enn der Woch laut europäeschem Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Vun den Zommen hier gesäit den amerikanesche Modell vun elo un bis de Sonnden inclus zesummegerechent tëscht 30 a 55 l/m² Reen op eis duerkommen. Den europäesche Modell weist sech ëmmer nach e bësse méi offensiv a gesäit tëscht 40 a 60 l/m² op eis duerkommen. Den däitsche Modell geet an déi selwecht Richtung, tëscht 40 a 70 l/m² gi gerechent.