Ongewéinleche Summerstuerm POLY iwwert der Nordséi – Wat dat fir Lëtzebuerg bedeit

Um Satellittebild ass e schonn ze erkennen, den zukünftege Summerstuerm POLY, deen an de nächste 24 Stonne besonnesch un de Küsten an deels och méi wäit an de Länner selwer fir Stuerm- bis Orkanstéiss suergt. Wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ass, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

Advertisement

Aus dem Randdéif gëtt de Stuerm POLY

Schonn e Sonnden hate mir an engem Artikel zesummen iwwert dëst Randdéif geschwat. An Tëschenzäit si vill méi Détailer kloer. Gewosst ass elo, dass sech doraus e klengt mee intensivt Stuermdéif mam Numm POLY wäert forméieren, wat fir d’Joreszäit immens ongewéinlech ass – esou Stierm gesäit een nämlech éischter am Hierscht oder Wanter op eise Wiederkaarten. Besonnesch déi, déi un de Küste wunnen oder do an der Vakanz sinn, musse sech an de nächste Stonnen also op e staarke Stuerm mat Orkanstéiss virbereeden.


Déi ongeféier Andeelung vun den héchste Wandvitessen e Mëttwoch de ganzen Dag iwwer | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrondkaart: Google Maps

Op dëser Kaart gesitt Dir déi ongeféier Andeelung vun de maximale Wandstéiss, zesummegedroen aus ville verschiddene Modellrechnungen. Wat also elo just d’Stuermfeld alleng ugeet, läit Lëtzebuerg esouguer ausserhalb vun dem Beräich, an deem zimmlech warscheinlech Spëtzte vu méi wéi 75 km/h kënnen optrieden. A Richtung Holland a Nordwestdäitschland gi Vitessen bis 90 km/h an driwwer direkt méi warscheinlech. Geféierlech ass et dann an enger Sträif vun der hollännescher Nordséiküst bis ganz eriwwer a Richtung Grenz Däitschland/Dänemark, wou héichopléisend Modeller esouguer Vitessen vu méi wéi 115 km/h berechnen – dat wier op d’Formatioun vun engem sougenannte “Sting Jet” zréckzeféieren, wat och ontypesch fir d’Joreszäit ass.

Den Ënnerscheed zu enger wanterlecher Wiederlag ass deen, dass mir matten am Summer sinn an d’Planzen/Beem all hir Blieder hunn. Se bidden doduerch eng vill méi grouss Ugrëffsfläch, wat also immens vill Dreck an de Stroosse ka bedeiten.

Donnerwiederrisk och iwwer BeNeLux

Dëse Stuerm wäert am Verlaf vum Mëttwoch besonnesch iwwert dem ëstlechen Däitschland fir Donnerwieder suergen. Nach ier dat awer geschitt, an ier d’Stuermfeld iwwerhaapt säi Maximum un de Küsten erreecht, kënnt fir d’éischt mol d’Kalfront an d’Spill. Dës Kalfront soll eis am fréie Mëttwochmoien aus Westen hier erreechen, woubäi am Virfeld dovun méi kräfteg Schaueren ze erwaarde sinn – och en Donnerwieder wier dobäi net ausgeschloss. Dëse Risikoberäich zitt sech zäitlech vun den Owend +/- 22 Auer bis muer de Moien 05.07.2023 +/- 05 Auer & vun de Géigenden hier vum nërdleche Frankräich iwwer BeNeLux bis an Deeler vum äusserste Westen a Nordweste vun Däitschland eran.


An dëse Géigende kann et an der Nuecht op de Mëttwoch lokal kraachen | Grafik: Météo Boulaide, Hannergrondkaart: OpenStreetMap

Wann Donnerwieder optrieden, da wäerten dës u sech net immens hefteg ausfalen – et ass méi de Wandprofil, un deen dës Zelle gebonne sinn: Duerch den immens staarken Héichtewand kann et innerhalb vun enger méi kräfteger Schauer- oder Donnerwiederzell net ausgeschloss ginn, dass trotz der uewe markéierter Grafik awer Stuermstéiss vu 75 km/h an driwwer kënnen an eise Géigenden optrieden. Dat wäert op den allermannste Plazen de Fall sinn, mee punktuell begrenzt ass dat awer méiglech. Vum Mëttwochmoien un geet de Risk fir dës eenzel méi kräfteg Zellen zréck an et gëtt e leftegen, mee esouguer meeschtens dréchenen Dag.

Ausserhalb vun enger kräfteger Schauer oder Donnerwieder kënnen zu Lëtzebuerg zwar och spierbar bis stiermesch Wandstéiss vun tëscht 50 a 70 km/h optrieden, et sollt awer net grad fir eng Warnung duergoen.