Elo an der Vakanzenzäit si vill Lëtzebuerger a Spuenien ënnerwee, dohier hei e weideren Update. Besonnesch am Norde vun der Valenzianescher Gemeinschaft, Katalounien an dem Weste vun Andalusien heescht et weiderhin opzepassen.
Advertisement
Schro Biller aus de betraffene Géigenden
Zumools de südlechen Deeler vun Andalusien, südwestlech vu Madrid a besonnesch knapp westlech vu Valencia huet et an de leschten dräi Deeg immens vill gereent – gëschter koum op ville Plaze nach e massive Stouss u Reen dobäi. Akkumuléiert gekuckt sinn zumools an der Valenzianescher Gemeinschaft tëscht 300 a 400 l/m² Reen erofkomm – deels ass och e gudden Deel dovun an Zäit vu just e puer Stonne gefall.
Dass dat a groussen a katastrophalen Iwwerschwemmunge resultéiert, war leider ofzegesinn. Nieft dem extreeme Reen konnt bis ewell och op d’mannst een Tornado confirméiert ginn, deen un enger Superzell entstanen ass. Wéi d’Medie mellen, si bis ewell méi wéi 50 Mënschen duerch dës Onwieder gestuerwen. D’Situatioun gëtt als “nach ni dogewiescht” an “onvirstellbar” beschriwwen.
Tornado fa uns minuts entre Carlet i Alginet (la Ribera Alta). Pareix que els danys són quantiosos.
Desconeixem l'autor del vídeo. pic.twitter.com/K499sbQ3vq
— AVAMET (@avamet) October 29, 2024
ALERT: The scale of the flooding unfolding in Valencia, Spain, is beyond comprehension. This footage is from Chiva, where an astonishing 343 mm of rain fell in just 4 hours today, between 4:30 PM and 8:30 PM.
Video credit: Nalabcer pic.twitter.com/ikPy9jm6vj
— Johncast (@johncastnow) October 29, 2024
⚠️⚠️⚠️
Valencia, SPAIN 🇪🇸 (29.10.2024)More than 343 mm rainfall in the course of 4 hours…
Photo by: O Informante#Anthropocene #ClimateEmergency pic.twitter.com/xAt2CrBP52
— Helena Correia (@correiashelena) October 29, 2024
💥 𝐈𝐦𝐩𝐚𝐜𝐭𝐚𝐧𝐭𝐞𝐬 𝐢𝐦𝐚́𝐠𝐞𝐧𝐞𝐬: 𝐮𝐧 𝐩𝐮𝐞𝐧𝐭𝐞 𝐝𝐞 𝐏𝐢𝐜𝐚𝐧̃𝐚 (𝐕𝐚𝐥𝐞𝐧𝐜𝐢𝐚) 𝐬𝐞 𝐝𝐞𝐫𝐫𝐮𝐦𝐛𝐚 𝐩𝐨𝐫 𝐥𝐚 𝐜𝐫𝐞𝐜𝐢𝐝𝐚 𝐝𝐞𝐥 𝐫𝐢́𝐨 𝐩𝐨𝐫 𝐥𝐚 𝐃𝐀𝐍𝐀
📌 https://t.co/Im2tYQfowi pic.twitter.com/pKGVBvWrjS
— okdiario.com (@okdiario) October 30, 2024
Wéi et elo virugeet
Fir verschidde Géigende kann een Entwarnung ginn, fir anerer awer nach net grad. Do, wou et méi roueg wäert virugoen, ass d’Regioun déi sech vu Murcia bis erop op Madrid zitt. Bis e Sonnde ginn hei just nach niddereg Reequantitéite berechent, punktuell kann et och quasi dréche bleiwen.
Oppasse muss ee weiderhin am Südweste vun Andalusien, fir Sevilla an d’Ëmgéigend stinn de Modeller no nach eng Kéier tëscht 50 an 130 l/m² Reen un. Nach méi grouss Zomme gi fir Katalounien an d’Grenz zu der Valenzianescher Gemeinschaft berechent: Am Raum La Ràpita, Riumar a Campredó kann nach eng Kéier bis zu 200 l/m² reenen – deemno wéi méi. Onsécher ass, ob sech de Gros vun dësem Reen u Land ofspillt oder iwwert dem Mier. Aner Modellrechnunge gesinn och nach eng Kéier e Korridor mat vill Reen, deen sech bis un d’Küst vu Valencia soll ausbreeden. Och am Raum Barcelona gëtt et richteg naass, extreem Zomme sollten do awer net optrieden. Wat Lloret de Mar ugeet, ginn et just eenzel Modellrechnungen, déi Zomme vun oder ëm 60 l/m² gesinn.
Uginn si jeeweils d’Reenzommen, déi bis e Sonnden inclus kënnen erofkommen. Am Südweste vun Andalusien kënnt haut a muer dat meescht erof, deels och un der Valenzianescher Grenz zu Katalounien. Däitlech méi soll et do awer vum Freidemoie bis e Sonndenowend reenen.