Onwieder duerch Reen a Südfrankräich & Spuenien ze erwaarden

Aus dem Süde vu Frankräich an och Deeler vu Spuenie wäert een an de nächsten Deeg méiglecherweis nach sou munches héieren. Et muss mat onwiederartege Nidderschlagsquantitéite gerechent ginn.

Lokal ëm 100 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen

E klengt mee kräftegt Déif dréint am Mëttelmierraum séng Kreeser. Haut um Dënschden, 10. September 2019 soll et de Modellrechnunge no virun allem laanscht d’Küstegéigende wéi z.B Agde, Montpellier, Martigues, Marseille, Toulon, Hyères, Saint Tropez, Cannes a Nice zu zolittem an onwiederartegem Reen kommen. Och Monaco ass betraff.

Den däitsche Wiedermodell ARPEGE rechent virun allem iwwert dem Mier mat lokal bis zu 150 l/m², u Land soll dësem Modell no de meeschte Reen bei Saint-Tropez erofkommen. Do kënne punktuell tëscht 60 an 100 l/m² falen. De franséische Modell ARPEGE gesäit souguer zwee Hotspots: Engkéier knapp ëstlech vu Marseille an Toulon och an der Géigend vu Saint-Tropez an e weidere knapp ëstlech vu Montpellier bei Le Grau-du-Roi, La Grande Motte a Saintes-Maries-de-la-Mer, dee sech och bis op Nîmes erop erstreckt. An dësen zwee Beräicher rechent och dëse Modell mat bis zu 100 l/m² a lokal driwwer. Den amerikanesche Wiedermodell rechent virun allem an enger Sträif vun Aubagne iwwer Toulon bis erop op Nice mat däitlech iwwer 100 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen.

Als Fazit zéie kann een, dass et virun allem ronderem Marséille an ëstlech dovun zu extreme Reequantitéite komme kann, an dat bis haut den Owend spéit. Iwwerschwemmunge si virprogramméiert, et besteet d’Gefor vun Äerdrutscher. Dat ganzt geet zesumme mat Donnerwieder iwwer d’Bühn.

Animatioun vun de Nidderschlagsquantitéite bis haut den Owend (HIRLAM – wxcharts.com)

De Groussdeel vun de Modeller ass sech eenz, dass et haut zu deels extreme Reequantitéiten an der Ëmgéigend vu Marseille komme kann.

Och Spuenien ass betraff

Am Laf vum Dag gräifen déi kräfteg Nidderschléi och op Spuenien iwwer. Betraff ass virun allem Barcelona. Och aner Géigende wéi Vilassar de Mar, Arenys de Mar, Malgrat de Mar, Blanes, Lloret de Mar, Tossa de Mar, Sant Feliu de Guixols a Palamos kënne kräftege Reen ofkréie, mee net grad esou vill, wéi et fir Barcelona berechent gëtt.

Ronderem Barcelona kënnen dem däitsche Modell no tëscht 40 a 70 l/m² bis den Owend spéit erofkommen. De franséischen ARPEGE an den amerikanesche GFS gesinn dëst ganz ähnlech a si sou gutt wéi enger Meenung.

Muer um Mëttwoch deent sech de kräftege Reen nach e Stéck méi wäit a Richtung Westen/Südwesten aus, soudass nieft Barcelona och d’Ëmgéigende vun Tortosa, L’Ametila de Mar, Salou, Tarragona, Reus an Calafell an de warnrelevante Beräich rëtschen. Et muss rem mat 40 bis punktuell 80 l/m² gerechent ginn.

Modeller mat deels extreme Berechnunge fir de Rescht vun der Woch

A lo kënnt den Deel, deen ee mat grousser Opmierksamkeet am Aen hale soll. D’Wiedermodeller rechne bal eenheetlech mat nach méi extreme Reequantitéite vum Donneschdemëtten un, déi sech virun allem op e Beräich vu Puebla de Don Fadrique eriwwer op Cartagena a vun do aus laanscht d’Küst inkl. Murcia an da weider erop bis op Valencia konzentréiere kéinten. Mat betraff wiere sämtlech Géigenden déi och nach méi wäit vum Mier fort leien. Den däitsche Modell ICON rechent mat deels iwwer 200 l/m², am Extremfall souguer 300 l/m² bis Enn der Woch. Den amerikanesche Modell GFS gesäit déi gréisst Gefor fir de Beräich ronderem Murcia a Valencia, dat och mat iwwer 200 l/m², déi erofkomme kënnen.

Sollte sech dës Berechnunge confirméieren, da wier mat extremen Onwieder an de benannte Gebitter ze rechnen.

Animatioun vun de Reequantitéite vum Donneschde bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)