Onwiederlag um Freiden: Wat geschitt muer iwwer BeNeLux & Däitschland?

BeNeLux, mee virun allem awer Deeler an Däitschland steet muer um Freiden eng markant bis hin zu schwéier Onwiederlag an d’Haus. Den däitsche Wiederdéngscht DWD warnt schonn ausdrécklech.

D’Situatioun

Well zu der Thematik souwisou nach e Convective Outlook wäert online kommen, hei dann d'”Kuerzfaassung” vum Oflaf & den Ëmstänn.

Muer um Freiden zitt en Donnerwiederdéif mat sengem Kär vum westleche Frankräich a Richtung Nordosten a wäert géint 12 Auer iwwert der Belsch ukommen. Am weidere Verlaf vum Dag verzitt et sech séier an de Nordoste vun Däitschland eran. Dëst Déif ass net nëmmen en Donnerwiederdéif, mee quasi eppes wéi ee Stuermdéif – just a summerlechem atmosphäreschem Ëmfeld.

Iwwer Mëtteleuropa leie schmeierwaarm Loftmassen, déi vun dem genannten Déif wäerten a Richtung Osten verdrängt ginn. Et kënnt also zu engem immensen Temperaturënnerscheed no an hannert der Front. Dëse Loftdrockaustausch kann net ouni uerdentlecht geknupps a gebléis iwwer d’Bühn goen. Et kënnt uerdentlech Beweegung an d’Spill.

Haaptrisikogebitt

Um Freide besteet de gréissten Onwiederrisiko vu BeNeLux aus iwwert de gesamte Westen a Nordweste vun Däitschland bis eriwwer iwwer d’Mëtt an de Nordoste vun Däitschland eran. Virun allem iwwer Däitschland selwer rechnen eng Rëtsch Modeller domat, dass ënnert der immenser Donnerwiederfront schwéier Stuermstéiss bis hin zu Orkanstéiss vun tëscht 90 an 130 km/h méiglech sinn, Knëppelsteng bis 6 cm am Duerchmiesser, extreme Staarkreen mat lokal bis zu 50 l/m² an e puer Stonnen an och der Gefor vu Superzellen. Duerch dës Superzellen ass d’Gefor vu grousse Knëppelsteng zousätzlech erhéicht – plus: et kënnt e net ze vernoléissegenden Tornado-Risk dobäi.


Dat grafft Risikogebitt fir muer de Freiden, 20. Mee 2022

Wéi den Däitsche Wiederdéngscht matdeelt, an och absolut Recht huet, ass mat der spannender Situatioun um Freiden definitiv net ze spaassen. Sollten dës Onwieder esou kommen, da wier definitiv mat gréisserem Schued un Infrastruktur ze rechnen. Treffen deet et awer, wéi ëmmer, net jiddereen, deen am Risikogebitt läit. D’Warnunge vum DWD fannt Dir hei.

A Lëtzebuerg?

Ier dëst Gebitt muer an Däitschland eranzitt, passéiert et och eis Groussregioun. D’Fro ass ebe just, wéi staark d’Gebitt schonn wäert ausgepräägt sinn. Entweder mir hunn et schonn mat kräftegen Donnerwieder ze dinn, oder se entwéckle sech eréischt richteg iwwert eis – ier se dann, bei den zwee Zenarien, ënner däitlecher Verstäerkung an Däitschland eriwwerzéien. Aner Modellléisunge weisen awer och, dass dës Onwiederfront knapp nërdlech un eis laanschtrausche kéint, wat definitiv déi bescht Léisung wier. Eng kloer Äntfert dorop kritt ee leider eréischt muer am Dag selwer.