Op der Sich nom Wanter: Grouss Keelt-Blos an éischter Dezember-Hallschent méiglech

Wat déi éischt Dezemberdeeg betrëfft, waren d'Modeller an de leschten Deeg mat richteg variable Kaarten ënnerwee. Mol waarm, mol richteg kal. Elo schéngt sech awer esou lues en Trend erauszekristalliséieren.

Wat bleift: Bis Enn November weiderhin zimmlech mëll

Wéi am Mëttelfrist-Ausbléck vu virgëschter beschwat, ass et och elo ëmmer nach esou, dass déi lescht Deeg vum November weiderhi mëll resp. iwwerduerchschnëttlech mëll ausfale wäerten. Dat hu mir enger südwestlecher Stréimung ze verdanken, déi eis mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum mee awer och aus Afrika zouspillt. En Zenario also, deen wuel éischter kontraproduktiv a Saache Wanter ass.


De November 2022 geet warscheinlech ze mëll op en Enn | Grafik: wxcharts.com

No ganz villem Hin an Hier fänken d’Modeller elo och un, lues a lues eng änlech Sprooch ze schwätzen. Et steet eng méi markant Optioun am Raum, déi eis eng richteg grouss Keelt-Blos riicht aus Russland brénge kéint. An dësem Artikel beschwätze mir den bis elo bekannten Détail.

Resumé vun de Modeller bis Ufanks Dezember

D’Modeller GFS an ECMWF sinn an Tëschenzäit an och dem aktuelle Stand no endlech op dem änlechen Trip, dass se vum 1. bis den 3. Dezember zimmlech rouegt Wieder bei eis berechnen. Et wier zwar e bësse méi kal wéi de Moment, mee generell wier et ebe roueg an och u Nidderschléi géif net vill erofkommen. Sou wäit, esou gutt – mee hei fänken d’Differenzen erëm un.

De neiste Modell-Laf vum amerikanesche GFS rechent fir den Owend um 3. Dezember eng Kalfront, ausgeléist vun engem klengen Déif wat iwwert der Nordséi leie soll. Op der Récksäit vun dësem Déif kéint et an der Nuecht op de Sonnden, 4. Dezember net ausgeschloss ginn, dass et mol schneit. Den europäesche Modell ECMWF ka net esou wäit kucke, mee grad emol bis de Sonndemoie fréi, 4. Dezember 2022 – et gëtt keen Déif nërdlech vun eis berechent, mee méi iwwert den Alpen.

Mee kommt, mir ignoréieren einfach mol den allgemeng berechente Wiederzoustand. Wann ee no Wanterwieder sicht, da kënnt et an éischter Linn op d’Loftmassentemperatur un – an dës kéint an den Deeg drop uerdentlech an de Keller goen.

Keelt aus Russland

Ensemblerechnungen vum ECMWF an och GFS weisen allen zwee en däitlechen Ofwäertstrend bis den 12. Dezember wat eis Temperature betrëfft. Kee Wonner: e Bléck op d’Kaarte weist eis e risege Block un héijem Loftdrock, deen eis bis dohin richteg kill Loftmassen aus Russland op Mëtteleuropa brénge kéint – en Zenario, deen ëmmer méi oft esou berechent gëtt. D’Situatioun fänkt also a klenge Schrëtt un, eng gewëss Relevanz ze kréien. Et kann ee wuel nach net soe wéi kal et gëtt, mee den Trend weist säitens den zwee Modeller mol däitlech no ënnen. Ech kann awer, Stand aktuell, net ausschléissen, dass mir et iergendwann vun tëscht dem Ufank vum Dezember bis den 12. Dezember dorëmmer Maximaltemperature vu nëmme nach ëm 3 Grad am Dag kéinte gesinn, iwwerdeems mir an de Nuechten drënner leien.

Kaarten: wetterzentrale.de

Wier dat en Zenario mat potenziellem Schnéi? Well et sech heibäi ëmt eng ëstlech kontinental Stréimung handle géif mat zimmlech wéineg Fiichtegkeet, wiere Schnéischaueren éischter onwarscheinlech. Géifen dës immens kill Loftmassen elo beispillsweis vun der Nordséi hier kommen, da wier et schonn erëm eng ganz aner Geschicht.