Virun allem an den däitsche Medien dauchen de Moment ëmmer erëm Headlines iwwer 40 Grad fir eis Géigenden op. Och wann dat an eise Summere net onméiglech ass, sollt een mat dësen Aussoen awer virsiichteg ëmgoen. Firwat ass dat esou?
Vun 30 Grad direkt op 40 an driwwer?
Wéi all Summer gi virun allem an de Medien, meeschtens aus dem Ausland, Schlagzeilen iwwer potenziell 40 Grad breetgetrueden. Jo, 40 Grad sinn och an eise Géigende méiglech an d’Warscheinlechkeet dofir geet an de nächste Joren och ëmmer méi an d’Luucht – mee elo fir d’Kuerz- resp. Mëttelfrist sollt een mat esou Aussoen éischter virsiichteg sinn.
Firwat schreiwen d’Medien dat? Den Uersprong ass den amerikanesche Wiedermodell GFS. Dësen ass deen Modell, deen, ofgesinn vun de Laangzäitmodeller, am wäitste kucke kann. All 6 Stonnen kënnt eng nei Berechnung vun dësem Modell, an all nei Berechnung gëtt an der Meteorologie als “Laf” bezeechent. Dës Modell-Leef sinn fir deen Zäitpunkt, wou se erauskommen, méi wéi eng “Momentopnam” ze gesinn. De Grond: Modell-Leef mat Berechnungen fir en Zäitraum, deen nach zimmlech wäit an der Zukunft läit, ännere sech an de meeschte Fäll erëm zimmlech staark soubal de nächste Laf erauskënnt.
Als Beispill huele mir de momentane Fall: De Laf vum amerikanesche Modell vun haut de Moien 6UTC gesäit fir den 1. Juli eng enorm waarm Loftmass op eis duerkommen, déi Temperature vu bis zu 40 Grad op Lëtzebuerg géif bréngen. Fir ze vergläichen: De Laf virdrun, also deen vun 00UTC, gesäit zwar och eng immens waarm Loftmass, mee keng 40 Grad. Méi däitlech gëtt d’Beispill awer beim 18UTC Laf vu gëschter Owend: Vun dëser extreemer Hëtzt ass guer näischt a Siicht, et soll mat ëm 20 Grad esouguer net mol méi summerlech bei eis sinn.
Verglach vun de GFS-Modellleef
Wat an de Medien geschitt ass also, dass op dës extrem Modellrechnunge gewaart gëtt, obwuel den potenziellen Zenario nach méi wéi 300 Stonnen an der Zukunft läit. Mat dem wat mir bis elo gelies hunn wësse mir also, dass dës Headlines an de Medien net fir eescht ze huele sinn.
Ass et dann onméiglech? A wéini ass et keng “Momentopnam” méi?
Onméiglech ass et net, mee eréischt dann, wann déi jeeweileg nei Modell-Leef ëmmer erëm änlech Zenarien fir ongeféier de selwechten Datum berechnen. Sollt den amerikanesche Wiedermodell GFS dësen Zenario vun de 40 Grad wärend de nächsten Deeg ëmmer erëm berechnen, da géif natierlech och d’Warscheinlechkeet fir dësen Zenario an d’Luucht goen. Déi nächst Stuf u “Sécherheet” trëfft dann a Kraaft, soubal och den europäeschen ECMWF vum Datum hier an d’Reechwäit kënnt vun dësem méiglechen Zenario (den ECMWF rechent “just” 240 Stonnen an d’Zukunft, den amerikanesche GFS 384). Wann den europäesche Modell och ufänkt, änlech Wäerter fir den ongeféier selwechten Datum ze rechnen, da kann ee lues a lues ufänken méi eeschthaft driwwer ze schwätzen.
Et heescht also fir de Moment einfach ofwaarden.