Orioniden huschen iwwert de Nuechthimmel

Den Oktober ass d’Zäit vun den Orioniden, engem Meteorstroum am Stärebild Orion. An de nächsten Deeg ass de Maximum ze erwaarden.

Stäreschnäizen duerch den Halleysche Koméit

D’Orioniden gehéieren zu de 5 aktivste Meteorstréim déi et gëtt. Während dem Oktober flitt d’Ärd duerch d’Stëbswolléck vum Halleysche Koméit, wouduerch dës Stäreschnäize siichtbar ginn. Kleng Partikle trieden an d’Ärdatmosphär an a vergléien opgrond vun hirer héiger Geschwindëgkeet. Se ereechen eng Geschwindëgkeet vu bis zu 60 Kilometer an der Sekonn.

D’Orionide sinn tëschent dem 2. Oktober an dem 7. November ze gesinn. De Weekend ass de Maximum ze erwaarden, do kënnen an der Moyenne 25 Examplarer an der Stonn iwwert den Himmel huschen. Vir se ze beobachte sollt ee sech am beschte wäit außerhalb vun engem Duerf befanne, vir sou wéineg Liichtverschmotzung wéi méigleg ze hunn. Et soll ee séngen Aen 15 bis 20 Minutten Zäit losse, vir sech un d’Däischtert ze gewinnen.

Bléckrichtungen an Zäiten

Folgend Tabelle beschreiwen, a wéieng Richtung ee kucke soll, vir se am beschte beobachten ze kënnen. Am beschte wärt een d’Orioniden kuerz viru Sonnenopgang gesinn, well dann d’Liichtverhältnisser am gënschtëgste sinn. De Radiant, also de Punkt, aus dem d’Orioniden ze komme schéngen, wandert am Laaf vun de Nuechten vu Nordost op Süd.

(c) Ugaben vun timeanddate.de

Nuecht op de Sonndën

Nuecht op de Méinden