Orkan CIARÁN: D’Stuermfeld breet sech a Richtung Belsch & Hollännesch Küsten aus

Den Orkan CIARÁN ass elo schonn historesch: Eng ganz Rëtsch Wiederstatiounen am äusserste Weste vu Frankräich hu nei Rekorder gemooss, extreem Orkanstéiss vun 207 km/h si bis ewell opgetrueden. Elo gëtt et och un der belscher esouwéi hollännescher Küst ëmmer méi ruppeg.

Advertisement

D’Wandspëtzten a Frankräich

Déi héchst Spëtzten aus Frankräich bis ewell duerch den Orkan CIARÁN, erausgesicht sinn d’Top 5. Heivun hunn zwou Statiounen hir Allzäit-Rekorder geknackt, genee wéi och nach eng gutt Rëtsch aner Statiounen déi net hei opgelëscht sinn.

  • Pointe du Raz: 207 km/h
  • Ile de Batz): 195 km/h
  • Pointe de Saint Mathieu: 193 km/h
  • Brignogan 190 km/h
  • Ouessant: 185 km/h

Donnéeën: Météo France

D’Modeller hunn d’Situatioun leider genee richteg ageschat. Op der Kanalinsel Jersey ass warscheinlech en Tornado duerchgezunn. D’Superzell, un déi e gekoppelt war, hat esouguer fir Knëppelsteng mat ëm 4 cm am Duerchmiesser gesuergt, wat op der Insel mee och ënnert dëse meteorologesche Konditiounen immens rar ass.

Belsch an hollännesch Küst deemnächst och betraff

Un der belscher Küst bléist et och schonn zolidd. Vu kuerz viru Mëtten un ginn ëmmer méi oft iwwer 100 km/h erreecht, tëscht 13 an 15 Auer kënnen direkt un der Küst Spëtzte vun ëm 125 km/h gemooss ginn.


D’Wandkaart fir de Mëtten 15 Auer (14UTC) fir BeNeLux | Grafik: wxcharts.com

An Holland geet et och géint 13 Auer richteg lass, dat mat Vitessen vun iwwer 100 km/h. Op Westkapelle, Domburg, Renesse si Vitessen bis 115 km/h dran. Méi wäit am Norden, a Richtung den Haag, Noordwijk, den Helder, ass mat tëscht 100 an 125 km/h ze rechnen, besonnesch bis géint 19 Auer. Muer um Freide bleift et zwar och stiermesch, mee de Gros sollt vu Mëtternuecht un duerch sinn.

Heiheem louchen déi héchst Wandvitessen bis elo bei 83 km/h zu Ëlwen an 81 km/h zu Wolz. Eng Rëtsch ëmgefale Beem goufe schonn eragemellt.