Orkan Ciarán: En Donneschde Spëtzte bis ëm 150 km/h an der Bretagne & Normandie ze erwaarden

D’Modeller hu net vill geännert. Ier mir eis awer mat Lëtzebuerg befaassen, huele mir elo mol Frankräich an de Fokus. Dohanne kann ee schonn mol ufänken, alles stuermsécher ze maachen.

Advertisement

Markant Orkandéif forméiert sech

Iwwert de britteschen Inselen läit ëmmer nach e groussen Déifdrockkomplex. Südlech dovun forméiert sech an de nächste Stonnen an Deeg e kräftegt Déifdrockgebitt, wat séier zu engem Orkandéif gëtt – ënnertstëtzt duerch en immens gutt ausgepräägten Jetstream. Dëse Stuerm betrëfft fir den Ufank mol haaptsächlech de Weste vu Frankräich, dorënner d’Loire, Normandie a Bretagne. Bis Enn der Woch sinn och méi wäit ëstlech, an domat och an eiser Groussregioun, stiermesch Entwécklunge méiglech – dozou awer an engem aneren Artikel méi. Fir awer e generellt Bild ze kréie, verweisen ech gären op den Artikel vu gëschter.

Extreem Orkanstéiss vun ëm 150 km/h méiglech

An der ganzer Westhallschent vu Frankräich gëtt et demnächst stiermesch – virun allem betraff sinn awer, wéi gesot, d’Bretagne, Pays de la Loire an d’Normandie. Den europäesche Wiedermodell rechent vum spéidere Mëttwochowend un mat den éischten zolitte Vitessen vun tëscht 90 an 110 km/h iwwert dem äusserste Weste vun der Bretagne. An Zäit vun e puer Stonnen, esou géint 10 Auer um Donneschdemoien, sollt sech de Peak vum Stuerm weiderhin iwwert dem Weste vun der Bretagne befannen, iwwerdeems en awer och op d’Normandie an domat och den Ärmelkanal iwwergräift. An direkter Géigend vun der Küst esouwéi iwwert dem Waasser sinn extreem Orkanstéiss vun tëscht 100 an 150 km/h méiglech.


D’Berechnung vum europäesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell no schléit d’Stuermfeld méi wäit südlech zou. D’Bretagne ass zwar ëmmer nach voll dran, mee et géif dann och Deeler vun der Loire e bësse méi zolitt treffen. An direkter Küstegéigend wier mat 130 km/h ze rechnen, am äusserste Weste vun der Bretagne ginn 140 km/h fir méiglech gehalen.


D’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Modell leet nach eng Schëpp drop a wëll fir den äusserste Nordweste vun der Bretagne, direkt a Küstegéigend, Spëtzte bis 180 km/h net ausschléissen. Eng weider Extreemrechnung weist den Swiss HD vum Kachelmann, am Ärmelkanal wiere Spëtzte vun 197 km/h méiglech. Esou extreem Berechnunge si bei Orkandéifer ëmmer erëm dobäi, genee wéi och bei Donnerwiederlagen am Summer – se treffe bal ni zou, weisen awer trotzdeem, dass eng uerdentlech Wucht hannert dësem Stuerm stécht.


D’Berechnung vum däitsche Wiedermodell | Grafik: wxcharts.com

Ofgesinn vum zolitte Stuerm si Wellenhéichten vun tëscht 8 a 15 Meter ze erwaarden.