Orkan CIARÁN Update: Immens geféierlech 150 bis 190 km/h an der Bretagne ze erwaarden

Esouguer fir d’Leit an der Bretagne, déi kräfteg Stierm gewinnt sinn, gëtt den Orkan CIARÁN en immens zolitten. D’Wiedermodeller hunn hir Wandspëtzten däitlech verschäerft. Sollt Dir do an der Vakanz sinn, ass et un der Zäit, déi lescht Virbereedungen ze treffen.

Advertisement

De Stuerm forméiert sech

Nach ass de CIARÁN net op eisen aktuelle Wiederkaarten ze fannen, wat doru läit, dass e sech grad knapp ëstlech vu Kanada befënnt. Do gëtt en elo an de nächste Stonnen vum Jetstream an engem groussen Déifdrock-Konstrukt iwwert dem nërdlechen Atlantik opgefaangen an a Richtung Europa geschleidert, an dat mat immens héijer Vitesse. Op sengem Wee verstäerkt e sech och immens séier: De Loftdrock läit de Moment bei knapp ënner 1000 hPa, soll bis an d’Nuecht op den Donneschden awer op 952 hPa zréckgoen – wat fir dës Joreszäit esouguer rekordverdächteg ass. Zu dësem Zäitpunkt läit de Kär iwwert dem westlechsten Zipfel vun der Bretagne an zitt iwwert den Ärmelkanal an d’Nordséi.


Vu Kanada aus beweegt sech den CIARÁN op Europa duer. Fannt Dir de Stuerm op der Kaart? | Animatioun: wxcharts.com

Dëse Stuerm gëtt en zimmlech zolitten. Obwuel d’Leit an der Bretagne, Normandie an och dem Pays de la Loire Stierm gewinnt sinn, bereet ee sech op eppes méi grobes vir. Och Lëtzebuerger, déi de Moment do an der Vakanz sinn, sollte sech ganz genee iwwert d’Wieder informéieren an onnéideg Deplacementer vermeiden.

Zäitlech Agrenzung an d’Wandspëtzten

Am Laf vum Mëttwochnomëtten, also muer, kënnt de Kär vum CIARÁN südwestlech vun de britteschen Inselen a westlech vu Westfrankräich un. Zu dësem Zäitpunkt sinn iwwert dem oppenen Atlantik schonn Orkanstéiss vun tëscht 120 an 150 km/h méiglech, sou den europäeschen an och eng Rëtsch aner Modeller. Just den amerikanesche GFS gesäit zu dësem Zäitpunkt tëscht 90 an 120 km/h, wat awer séier wäert änneren. Am Weste vu Frankräich, direkt a Küstegéigend vun der Bretagne an am Norde vum Pays de la Loire sinn schonn tëscht 60 a punktuell 80 km/h ze erwaarden. Déi méi zolitt Wandvitesse sollten géint 20 Auer esou lues antreffen. Déi éischt Spëtzte vun iwwer 110 km/h si méiglech. VUn 10 Auer un gëtt de Stuerm ëmmer méi staark, iwwert d’Nuecht bis an den Donneschdemëtten eran kënnen direkt un de Küsten Vitessen vun tëscht 110 an 150 km/h erreecht ginn. Eenzel Modeller rechne fir den äusserste Nordwesten vun der Bretagne esouguer méi wéi 170 km/h. Iwwert dem oppene Mier, e puer Kilometer virun der Küst, sinn eenzel Modeller mat 195 km/h ënnerwee.


D’Wandvitessen dem europäesche Modell no | Grafik: wxcharts.com

D’Bretagne kritt et also warscheinlech am meeschten of, mee och an der Normandie muss ee sech op e schwéiere Stuerm astellen. Vu Mëtternuecht bis den Donneschdenowend spéit stiermt et zolidd, am Norden sinn direkt a Küstegéigend tëscht 150 an 180 km/h méiglech. Och fir den Ärmelkanal an domat och aner Deeler vu franséischen a brittesche Küsten gëtt et mat Vitessen vun iwwer 130 km/h ruppeg, den Impakt weist sech méiglecherweis och un der belscher an hollännescher Küst.


D’Vitessen fir BeNeLux, den Ärmelkanal an d’Nordséi fir den Donneschdemëtten laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

Och aner Deeler a Frankräich selwer kréien eppes of, nämlech gëlle fir de ganze Weste vum Land Wiederwarnungen vu Météo France.


D’Wandvitessen fir Spuenien a Portugal den Donneschdemëtten | Grafik: wxcharts.com

Nach méi wäit südlech kritt och den äusserste Norde vu Spuenien eppes ze spieren, vum Mëttwochnomëtten un ass mat Vitessen vun tëscht 70 an 120 km/h ze rechnen. Duerno zitt et sech iwwert de ganzen äusserste Norde vu Spuenien bis an d’Bierger eran. Och a Portugal gëtt et lefteg bis stiermesch.