Orkan INGUNN a Norwegen: Héchst Warnstuf, Vitesse bis 200 km/h méiglech

Gëschter hate mir eis de Stuerm méi genee ugekuckt. Wéi et schéngt, sinn e puer Lëtzebuerger op der Plaz. Dohier hei en Update.

Den aktuelle Stand

De Moment vertäerkt sech den INGUNN, wéi en international genannt gëtt, ëmmer méi – an dat och zimmlech séier. E läit knapp nordëstlech vun de Färöer-Inselen, iwwerdeems d’Inselen awer direkt am sech verstäerkende Wandfeld leien. De Berechnunge no sollten do schonn Wandstéiss vun iwwer 150 km/h um Wierk sinn. D’Wandfeld krazt awer och schonn um Weste vu Norwegen selwer: Ëmmer méi oft geet et elo op Spëtzte vun 100 km/h duer.


D’Kaart mat de Wandvitessen op annerhalwem Kilometer Héicht, déi sech awer op ville Plaze kënne genee esou op de Buedem iwwersetzen | Grafik: weathernerds.org

An ded nächste Stonne beweegt sech de Kär vum INGUNN zimmlech wäit an de Norden, iwwerdeems d’Wandfeld typescherweis weiderhi südlech verleeft. Fir d’Nuecht op en Donneschden gëtt domat gerechent, dass virun allem an de Beräicher Rorvik, Terrak, Bronnoysund, Sanna a generell an direkter Küstegéigend immens zolitt Vitesse vun tëscht 160 an 200 km/h kënnen optrieden. Bis muer an de fréie Virmëtten eran sinn dann och an de méi wäit nërdlech geleeëne Géigenden Vitesse vun tëscht 140 an 170 km/h ze erwaarden. De Rescht vum Dag bleift et weiderhi stiermesch, och wa net méi déi selwecht Vitessen erreecht ginn.

Déi virausgesot Wiederlag ass esouguer fir d’Norweger, déi de Wand gewinnt sinn, eng immens markant. Den zoustännege Wiederdéngscht huet déi allerhéchst Warnung ausgeruff:


A Norwegen gëllt déi héchst Warnstuf duerch immens zolitte Wand | Grafik: yr.no

Wärend a nom Stuerm schneit et och nach staark – plazeweis sinn tëscht engem hallwe Meter bis hin zu méi wéi 1,5 Meter Neischnéi ze erwaarden.