Orkan YLENIA a Polen: Grousse Schued duerch Tornadoen

Wéi gemellt, huet an der vergaangener Nuecht iwwert dem nordëstlechen Däitschland bis a Polen eran e Risk fir Tornadoe bestanen. Elo de Moie sinn e puer net esou schéi Biller opgedaucht.

Donnerwiederlinn

Am Laf vum spéideree Mëttwochowend & och der Nuecht op den Donneschden huet sech iwwert dem Norde vun Däitschland déi ugekënnegt konvektiv Front, bestoend aus staarkem Reen an och Donnerwieder, forméiert. Ënner Intensivéierung ass dës Front an der zweeter Nuetshallschent am Nordoste vun Däitschland ukomm an huet zumools a Brandenburg Orkanstéiss bis ganz erof generéiert, bis zu 130 km/h konnte gemooss ginn. D’Front, déi zu dësem Zäitpunkt schonn immens zolitt Segmenter haat, huet sech dunn séier a Polen virubeweegt.


D’Donnerwiederlinn um fréien Donneschdemoien iwwer Polen | Grafik grabbed per FB: Unwetter-Freaks

Entlaang der Linn ass et zu enger ganzer rëtsch Mesozyklonen komm, déi agelagert waren, also Zellen mat rotéierende Basen. Wéi an der Datebank vum ESWD ze fanne, sinn de Moie 5 Tornadoen op der Kaart opgedaucht, dat tëscht engem Dräieck vu Poznan, Wroclaw an Lodz. D’Biller an de sozialen a polnesche Medien weisen Haiser, wou den Daach ofgedeckt ginn ass oder och deelweis ganz schwéier beschiedegt gi sinn. Grouss Stroummasten (Pylonen) sinn wéi Fixspéin ëmgeknéckt. Hei eng kleng Usammlung aus Posts aus soziale Medien: