Orkanaartege Wand: Spëtzte vu bis zu 104 km/h gemooss

Am Nomëtte si wärend dem Passage vun enger Kalfront Stuermstéiss bis an den orkanaartege Beräich opgetrueden. Vill Beem sinn ëmgefall, deels ass esouguer de Stroum fort gewiescht. E puer meteorologesch Détailer.

Advertisement

Kalfront vun engem Stuermdéif

Déi markant Kalfront, déi eis am Nomëtte passéiert huet, hänkt mat engem Stuermdéif zesummen, wat momentan nach mat sengem Kär iwwert der Nordséi läit an elo a Richtung Skandinavien virunzitt. Schonn zimmlech fréi, kuerz virun 11 Auer, goufen iwwert dem zentrale Frankräich, wou d’Stuermfeld vun der Kalfront louch, schonn schwéier Stuermstéiss vu bis zu 91 km/h gemooss – wat déi meescht Modeller net schonn fir esou fréi dran haten. Den Trend huet sech dunn fortgesat: Ëmmer méi oft goufen um Wee erop op Lëtzebuerg schwéier Stuermstéiss bis orkanaarteg Wandstéiss am Beräich vun tëscht 90 an 115 km/h registréiert – dunn war kloer: D’Warnstuf vun eiser Warnung huet missen op den zweete Niveau ugehuewe ginn, well d’Warscheinlechkeet fir Vitesse vun iwwer 100 km/h däitlech méi héich war, wéi ugeholl.


Mat eisem eegene SkyWatch-Warnsystem konnte mir d’Warnung séier den Observatiounen aus Frankräich upassen an esou de Risk méi präzis aschätzen | Grafik: Météo Boulaide

Dëse Schrëtt hu mir um 12:49 Auer ënnerholl, ier dunn géint 13:20 Auer tatsächlech den éischte schwéiere Stuermstouss vun iwwer 90 km/h opgetrueden ass. Den éischte Kandidat war d’Statioun Wëntger-Uewerwampech aus dem Schwësternetzwierk vu Kachelmannwetter, Meteosol – 98 km/h goufe gemooss. Fir d’nächst war d’Kachelmannstatioun zu Ëlwen drun, dat mat 91 km/h. Hannendru kënnt Eschduerf (91 km/h), dunn Stengefort (94 km/h). Zu Beetebuerg ass et um 14 Auer mat 98 km/h virugaangen, mee och zu Wolz gouf e Maximum vun 93 km/h erreecht. An Tëschenzäit goufen um 13:30 Auer un der Wiederstatioun vum Paragliding Club Cumulux um Aussiichtspunkt Gringlay bei Lëppschent/Buerschent 103 km/h gemooss, méi spéit gouf de Wäert nach iwwertraff.


De Verlauf vun der Wandvitesse & der Richtung un der Statioun vum Paragliding Club, déi um Aussiichtspunkt Gringlay steet | Grafik: holfuy.com

Géint 14:30 Auer hu vill Wiederstatioune, besonnesch am Weste vum Land, ëm 90 km/h registréiert. Dozou zielen och Ell an Useldéng. Zur selwechter Zäit rauscht un der Statioun zu Tréier en orkanaartege Wandstouss vun 111 km/h iwwert de Site vun der Statioun, kuerz drop waren et 109 km/h zu Perl. Géint 14:45 huet d’Statioun vum Gringlay-Aussiichtspunkt am Norde vum Land den absolute Maximum vun 104 km/h markéiert.

Déi héchst Wandspëtzten aus de leschte 6 Stonne fannt Dir hei.

Eropstufung vu Warnung net vu Muttwëll

Am ganze Land verdeelt sinn immens vill Beem ëmgefall, sëllege Stroosse waren deels bis hin zu komplett fir den Trafic blockéiert. Wéi de CGDIS dem RTL gemellt huet, si 400 Appeller agaangen. 65 mol hu se wéinst ëmgefalene Beem missen ausrécken. Um Site vun der Creos sinn dräi Stroumausfäll verzeechent, dat zu Bettenduerf, Reisduerf a Beaufort – dës goufen héchstwarscheinlech duerch Beem ausgeléist, déi op d’Leitunge gefall sinn.