Orkandéif ANTONIA: Onwiederwarnung fir de Sonndenowend/Méindemoien

No der Virwarnung vu gëschter Mëtten huet sech d’Lag elo konkretiséiert. D’Warnstufen ORANGE a GIEL sinn aktiv, eis kann e richteg turbulente Kalfrontduerchgang mat orkanaartege Wandstéiss ustoen.

Link: Déi aktuell Wiederwarnungen ➤

Orkandéif ANTONIA, duerno weidert Stuermfeld

An de nächste Stonnen ass mat enger komplexer a warnrelevanter Wiederentwécklung ze rechnen. Fir d’éischt erwaart eis nämlech d’Stuermfeld vum Orkandéif ANTONIA, duerno kënnt direkt a Richtung Méindevirmëtten dat nächst Stuermfeld hannendrun. Ech recommandéieren Iech also, op ee Neits alles stuermsécher ze maachen.


D’Kalfront, simuléiert vum héichopgeléiste franséische Wiedermodell AROME | Grafik: wxcharts.com

D’Stuermfeld vum ANTONIA sollt eis géint 20:00 Auer um Sonndenowend mat den éischte warnrelevante Wandvitessen erreechen. Vun do un sinn bis an de fréie Méindemoie, bis géint 6 Auer, Stuermstéiss bis hin zu schwéier Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h ze erwaarden.


Déi potenziell Wandvitessen, déi wärend der Kalfront optriede kënnen | Grafik: wxcharts.com

Dat wierklech markant un der Situatioun ass d’Kalfront, déi eis tëscht 23 Auer den Sonndenowend an 03:45 Auer de Méindemoie fréi passéiere soll. Un dëser Front kënne sech de Modellrechnunge no kräfteg Schauersegmenter entwécklen, un deenen och Donnerwieder méiglech sinn. Duerch d’Labilitéit ass et op ee Neits méiglech, dass de Wand aus méi héije Loftschichten op de Buedem erofgemëscht ka ginn. Dat heescht, dass wärend dem genannten Zäitraum de Risk vu schwéiere Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss vun tëscht 100 an 115 km/h besteet, eenzelne Modellrechnunge no esouguer bis 120 km/h – wat awer éischter eng Ausnam bleiwe sollt.


Déi méiglech konvektiv Wandvitessen, simuléiert vum NCEP GFS | Grafik: lightningwizard.com

De Méindemoien ass mat vill Dreck an de Stroossen ze rechnen, an och Beem déi ëmgefall sinn – besonnesch déi Beem, déi bei de leschte Stierm eng ofkritt hunn, kënnen dës Kéier definitiv falen. Passt also op wa Dir wärend dem Stuerm ënnerwee sidd an och nach duerno.

Duerno geet et virun

De Wand mécht duerno just eng kuerz Paus: vu géint 08:30 Auer un erreecht eis e weidert Wand-/ resp. Stuermfeld, un deem schonn erëm Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h méiglech sinn. Deemno wéi kann et och driwwer goen, mee esou genee kann een dat elo nach net soen. D’Stuermgefor wäert am spéidere Méindenomëtten zréckgoen an de Wand berouegt sech definitiv.


Am Méindevirmëtten erreecht eis schonn dat nächst Stuermfeld | Grafik: wxcharts.com