Orkandéif MARIELOU: Um Weekend Wandvitesse vun ëm 90 km/h méigleg

Mam Start vum meteorologësche Wanter geet dann elo och d’Saison vun de Stierm un. Dëse Weekend gi mir vum Orkandéif MARIELOU beaflosst.

Stiermësche Weekend steet un

Bis den Donnëschde mat bleift et zu Lëtzebuerg a Saache Wandvitesse rouëg. Ab dem Freide gëtt et méi interessant, well eis am Laaf vum Mëtten eng Kaalfront passéiert. Et reent zwar schon de ganzen Dag, mee speziell un dëser Kaalfront ass mat méi staarkem Reen ze rechnen. Dem amerikanësche Wiedermodell GFS no solle stiermësch Wandspëtzte vun ëm 75 km/h ereecht ginn, den däitsche Modell ICON rechent speziell am Fall vun engem vertikalen Impulstransport (Wand, deen aus ~1,5 km op de Buedem eroofgemëscht gëtt) mat Spëtzte vu bis zu 95 km/h.

Um Samsde bleift et stiermësch. An de Moiesstonne kënnen den aktuelle Modellrechnungen op de Koppe vum Land Spëtzte vu 90 km/h ereecht ginn, am Süde bis 75 km/h. Speziell a Schauergéigend ass mat dëse Wandvitessen ze rechnen. An der Nuecht op de Sonndë kéint eis dem momentane Stand no de signifikantesten Deel erwaarden.

Wandvitessen sait T+0 (GFS, wxcharts.eu)

Ëm 100 km/h méigleg?

An der Nuecht op de Sonndë passéiert eis eng weider Kaalfront. Un dësem System rechnen d’Modeller mat enger héiger Aktivitéit un zolitte Schaueren, déi de Wand aus méi héige Loftschichte mat eroof op de Buedem brénge kënnen. An där Nuecht wier also mat Spëtzte vu 75 bis 95 km/h ze rechnen, am schlëmmste Fall eppes iwwer 100 km/h.

Zum Schluss awer nach e wichtëgen Hinweis: Et handelt sech heibäi em mindestens 1 Stuerm-/Orkandéif. Well d’Modeller bei souenge Wiederlagen oft hin an hier pendlen, sollt een dofunner ausgoen, dass dës Berechnunge nach net definitiv sinn. Météo Boulaide hält Iech op alle Fall zu dëser potenzieller Onwiederlag um Laafenden, och op Facebook.