Orkandéif ZEYNEP: De Fuerplang fir de Mëtten an den Owend

No enger roueger Nuecht komme mir esou lues ënnert den Afloss vum Orkandéif ZEYNEP. An dësem Artikel kläre mir den zäitleche Verlaf vum Stuerm hei zu Lëtzebuerg.

Eréischt an der Nuecht op den Donneschde ware mir vun engem Stuerm betraff, elo geet et virun. De nächste Stuerm heescht ZEYNEP a wäert virun allem laanscht d’Küsten an der Belsch, Holland an Däitschland immens zolitt ausfalen. Wéi den definitive Stand fir Lëtzebuerg ausgesäit, kucke mir eis elo un.

Den zäitlechen Oflaf

Mir sinn zimmlech roueg an den Dag eragestart, kee Wonner: Den Aflossberäich vum Stuerm läit de Moment nach gréisstendeels iwwert dem Atlantik/am Raum Brittesch Inselen – och iwwert dem Ärmelkanal souwéi Deeler vun der Nordséi fänkt de Wand schonn un méi staark ze ginn. Mir wäerten awer am Laf vun de nächste Minutten a Stonne mierken, dass et schrëttweis méi lefteg gëtt.

Déi éischt nennenswäert Wandvitesse kënnen zu Lëtzebuerg vum spéidere Virmëtten/fréie Mëtten un optrieden, dat mat tëscht 65 a 75 km/h. Duerno geet et zimmlech séier, well schonn kuerz virun 13 Auer de Risk vun warnrelevante stiermesche Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 70 a 85 km/h besteet. Déi stäerkst Wandvitesse si vu ronderëm 15 Auer un ze erwaarden, do kënnt eis nämlech och d’Kalfront méi no. Tëscht 70 a 85 km/h si meeschtens ëmmer nach dran, lokal kann et awer och op 90 km/h eropgoen. Tëscht 15 an 18 Auer soll eis d’Kalfront dann passéieren, de Modellrechnunge no ka sech dobäi eng méi kräfteg Schauerlinn ausbilden. Wa sech dës Schauerlinn entwéckle sollt, da kéint et duerch e sougenannte “vertikalen Impulstransport” dozou kommen, dass de Wand aus méi héije Loftschichten erof op de Buedem gemëscht gëtt. Am Fall vun esou engem Event wiere schwéier Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss vun tëscht 90 an 110 km/h méiglech. Dës Vitessen trieden awer dann och net flächendeckend op, mee éischter op méi klengem Raum.


D’Maximalwandvitesse vum franséischen ARPEGE berechent | Grafik: wxcharts.com

D’Kalfront ass also definitiv de geféierlechsten Deel um ganze Stuerm, an do hu mir den Ënnerscheed: de Stuerm YLENIA huet zimmlech laang ugehal a konnt wärend enger méi laanger Period fir warnrelevant Vitesse suergen, den ZEYNEP stellt, op mannst mol fir Lëtzebuerg, déi gréisst Gefor wärend dem Kalfrontpassage duer. Vun der Kalfront ofgesinn, sollte mir an engem wandtechnesch manner héijem Beräich ënnerwee sinn wéi um fréien Donneschdemoien. Et kënnt dës Kéier wierklech un d’Kalfront un a wéi staark dës sech entwéckle kann.

Och nom Passage vun der Kalfront bleift de Wand aktiv, hëlt awer no a no of. Géint 20 Auer kënnen duerchaus mol nach Vitesse vun tëscht 55 an 80 km/h optrieden, um fréie Samsdemoie sinn et nach 40 bis 65 km/h an de Spëtzten.

Wéi ëmmer heescht et wärend dem Stuerm wa méiglech net a Bëscher ënnerwee ze sinn oder onnéidegen Aktivitéiten dobaussen nozegoen.