Orkandéif ZEYNEP: Update fir d’Belsch & Hollännesch Küsten

Well d’Froen sech erëm heefen, hei e weideren Update fir d’Belsch an Hollännesch Küstegéigenden.

Däitlech méi staark wéi d’YLENIA

Vum Mëttwochowend un sinn laanscht déi Belsch an Hollännesch Küsten Wandspëtzte vun tëscht 80 an 110 km/h opgetrueden, wann een op déi däitsch Nordséiküst kuckt da fënnt een bei Spiekeroog an un der Statioun Alte Weser esouguer Orkanstéiss vun 130 km/h a knapp driwwer – dat war de Stuerm YLENIA. Um Freiden zitt e weidert Orkandéif mam Numm ZEYNEP op, wat de Modellrechnunge no däitlech méi héich Wandvitesse generéiere kann.

Egal wou dat lo genee un de Küsten ass, fest steet: un der direkter Küstelinn, och a Nordfrankräich, besteet vum Freidevirmëtten un eng eeschtzehuelend Gefor. Am Virmëtte solle schonn déi éischt Vitesse vun tëscht 75 an 100 km/h optrieden. De Maximum gëtt tëscht 12:00 an 18:00 Auer erwaart, dat mat maximale Wandspëtzte vun tëscht 100 an 125 km/h, deemno wéi kann et driwwer goen. Iwwert der oppener Nordséi sinn d’Modeller mat bis zu 135 km/h dobäi, den däitschen ICON wëll esouguer knapp 150 km/h net ausschléissen.


Déi maximal Wandvitesse bis an de spéide Freidenowend eran, dem GFS no | Grafik: wxcharts.com

D’Stuermfeld verlagert sech no 18 Auer séier a Richtung däitsch Nordséiküsten a wäert do fir änlech Vitesse suerge kënnen. De Norde vun Däitschland wäert iwwert den Owend bis an de Samsdemoien eran erëm besonnesch vum Stuerm betraff sinn, et ass mat schwéiere Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss ze rechnen – lokal och mat Orkanstéiss.

Sollt Dir fir de Freiden also en Trip op d’Küst plangen, da kann een elo schonn soen, dass sech dat net besonnesch loune wäert – a geféierlech ass et och nach mat dobäi.