Ostwand-Update: Muer um Mëttwoch nach e Stéck méi kräfteg

Wéi ugekënnegt, ass de Wand haut schonn immens spierbar – punktuell goufe bis ewell bis zu 60 km/h gemooss. Fir muer gi nach méi stramm Vitesse berechent.

Advertisement

Vitesse packen et elo schonn op 60 km/h

Dës Vitesse si fir Lëtzebuerg näischt aussergewéinleches an engem Stuerm entsprécht dat och nach net. Wat awer ongewéinlech ass, ass d’Wandrichtung: Bei lëftege Wiederlagen hu mir et nämlech meeschtens mat enger südwestlecher oder westlecher Stréimung ze dinn, an dësem Fall kënnt en awer stramm aus Osten. De Grond dofir ass e grousst Héichdrockgebitt, wat sech iwwert der Nordséi ophält. Zur selwechter Zäit läit e kräftegt Déif iwwert dem ëstleche Mëttelmierraum, e weidert méi klengt läit iwwer Osteuropa. Duerch déi grouss Loftdrockënnerscheeder kënnt et tëscht dem Héich- an Déifdrockafloss zu enger sougenannter “Isobarendrängung” – d’Natur probéiert, de Loftdrock auszegläichen. D’Konsequenz dovun ass ebe stramme Wand, an dësem Fall aus der ongewéinlecher ëstlecher Richtung.


D’Wandvitesse bis 14:55 Auer. An Tëschenzäit huet sech awer erëm eppes dru geännert, wat Dir am nächsten Abschnitt kënnt liesen | Grafik: Météo Boulaide

Op eist eegent Netz bezunn gouf déi bis ewell héchst Wandvitesse um Hareler Poteau gemooss, dat mat 60,15 km/h um 14:30 Auer. Elo frësch erakomm ass e neien Héchstwäert fir d’Statioun vun der Nordstrooss Shopping Mile Marnach mat 54,7 km/h, d’Wiederstatioun vum SNJ zu Huelmes mat 49,9 km/h, de Lycée Technique d’Ettelbruck mat 46,7 km/h an de Lycée Robert Schuman mat 45,1 km/h.

De Mëttwoch gëtt nach en Tick méi stiermesch

D’Wiedermodeller bleiwen dobäi, dass de Mëttwoch e nach méi lëftegen Dag gëtt. An de Spëtzte kënne Vitesse vun tëscht 60 a 75 km/h dobäi sinn, zumools op exponéierte Plazen. Well 75 km/h un eiser Warnschwell krazt, kéint muer am Laf vum Dag e Wiederhiweis (keng Warnung) an eisem SkyWatch aktivéiert ginn. De Grond si lasse Géigestänn, déi kënne fortfléien – esouwéi awer och Beem an Äscht, déi kënnen an d’Stroosse falen. Dat war haut bis elo schonn e puer mol de Fall, esou d’Meldunge vun RTL.