Owes-Update: Weiderhi vill Reen, muer de Mëtte kuerz erëm Schnéifall méiglech

An der Nuecht klammen d’Temperaturen op bis zu 9 Grad, ier mir muer um Donneschdevirmëtte lues a lues op d’Récksäit vun engem Déif geroden. Et gëtt méi kal an et ass och ganz kuerz erëm mat Schnéifall ze rechnen.

Advertisement

Déi lescht Flack ass nach net gefall

Bis muer de Moie fréi pendele sech d’Temperaturen tëscht 7 a 9 Grad an. Wat de Reen betrëfft, kënnt et am Laf vum Owend zwar zu enger liicht manner aktiver Phas, mee se ass net fir all ze laang. Schonn an der zweeter Nuetshallschent verstäerkt sech de Reen erëm a wäert eis bis an de Virmëtten era begleeden. Vun do un gerode mir op d’Récksäit vun engem weideren Déifdrockgebitt, wat zur momentaner Situatioun vun enger Loftmassegrenz bäidréit.


De viraussiichtleche Verlaf bis muer an de Nomëtten | Animatioun: wxcharts.com

Duerch dës Entwécklung kann de Reen, besonnesch am Norden, erëm a Schnéifall iwwergoen – net all ze laang, mee e kann op alle Fall kräfteg ausfalen. Eenzel Modeller gesinn de Schnéi och erëm méi wäit südlech, mee en Impakt wéi haut am Nomëtte sollt net méi ustoen. D’Quantitéite ginn erëm ënnerschiddlech berechent, et sollt sech awer a Grenzen halen.

Net op de Schnéi fixéieren

Schnéi suergt reegelméisseg dofir, dass et zu Probleemer am Verkéier kënnt, mee et däerf een d’Gesamtbild net aus den Aen loossen: Bis muer an de fréie Nomëtten eran (Donneschden 09.01.2025) wäert et zimmlech naass bleiwen, egal a wat fir enger Form de Nidderschlag fällt.


D’Nidderschlagszommen, déi eis nach bis muer inclus wäerten ustoen | Grafik: wxcharts.com

Akkumuléiert gesi sollen, zanter dem Ufank vum Nidderschlag haut am Nomëtten, bis zum Schluss tëscht 20 a 40 l/m² Reen erofkommen. Wéi schonn an aneren Artikelen betount gehat, spillt dat der souwisou schonn ugespaanter Situatioun vun de Peegelen net an d’Kaarten. Och soss kann de ville Reen fir Aquaplaning an och mol fir kleng Iwwerschwemmunge suergen – net iwweall, mee de Risk besteet.

D’Informatiounen zu de Peegele fannt Dir hei.

Warnungen an Hiweiser fannt Dir ëmmer aktuell am SkyWatch.

Am Laf vum Nomëtte verzitt sech de Reen an et gëtt ëmmer méi roueg, wat et och de Weekend iwwer wäert bleiwen.