Owes-Update zur Dauerreen- & Donnerwiederlag muer um Dënschden, 21.05.2024

Wärend d’Modeller sech den Owend aktualiséiert hunn, koum et deels zu signifikanten Ännerungen. Dës kéinte sech mat Chance esouguer positiv op eis auswierken.

Advertisement

Liichten Downgrade an den Owesmodeller fir Lëtzebuerg

Nodeems d’Modeller de Moien an de Mëtten nach e bësse méi eenheetlech markant Zommen vun däitlech iwwer 50 l/m² fir d’Lëtzebuerger Ëmgéigend gesinn hunn, hunn d’Modeller hir Meenung elo den Owend geännert. Zumools wat eis Groussregioun ugeet, koum et nawell zu signifikanten Ënnerscheeder zu fréiere Berechnungen.

An Tëschenzäit si mir an e Beräich gerëtscht, an deem et meeschtens tëscht 15 an 30 l/m² soll reenen. Just am Fall vu kräftege Schauersegmenter oder Dimmeren, déi sech just op ganz enk begrenzt Gebitter fokusséieren, ka mol eng 50 l/m² oder méi dobäi sinn. Egal ob 30 oder 50 l/m², dat geet duer fir Waasser a verschiddene Stroossen a Kelleren. D’Peegele klamme souwisou dovun.


D’Auswäertung aus de neiste Modeller um Méidenowend fir den Dënschden | Grafik: wxcharts.com

De markantste Beräich huet sech méi wäit an de Norde gedréckt a läit elo gréisstendeels vum Raum Regensburg aus iwwert d’Mëtt vun Däitschland bis a Nordrhein-Westfalen eran. Déi meescht Modeller sinn der Meenung, dass et mëttlerweil an dësem Beräich am warscheinelchsten ass, dass et zu Zomme vun tëscht 30 a 60 l/m² kënnt. Do wou Schaueren an Donnerwieder optrieden, wat an dësem Beräich vill méi warscheinlech ass wéi méi wäit südlech, da ka lokal un den 80 l/m² gekrazt ginn. Gi verschidde Géigenden direkt e puer mol vu punktuellen Donnerwieder getraff, dann ass am Worst Case och eng lokal 100 l/m² net ausgeschloss.

D’Saach ass elo déi, dass och an de neiste Modell-Leef ëmmer nach eenzel Berechnungen dobäi sinn, déi dat awer nach op der héicht Äifel, Nordspëtzt vu Lëtzebuerg an och Belsch gesinn. Wéi et sech dat entwéckelt, fanne mir elo leider nëmme kuerzfristeg eraus. Dës Grenz ass mat enger gestréchelter Linn markéiert.