Paraguay: Passagéierfliger bei Landung duerch zolitt Donnerwieder staark beschiedegt

A Paraguay war e Passagéierfliger vun der LATAM Airlines an eng kräfteg Donnerwiederlinn geroden. E Video weist déi turbulent Minutten.

Titelbild: @aviationbrk op Twitter

Grousse Schued duerch Knëppelsteng

Um vergaangene Mëttwochowend ass eng Passagéiermaschinn vum Typ Airbus A320-200 vun der LATAM Airlines an eng zolitt Donnerwiederlinn geroden.

D’Maschinn war zu Santiago de Chile gestart an hat esouguer missen wéinst de schlechte Wiederkonditiounen um Fluchhafe vu Foz do Iguaçu a Brasilien tëschelanden. Vun do aus ass se dunn weider op déi eigentlech Destinatioun, Asunción, geflunn mee war kuerz virdrun an eng Donnerwiederlinn geroden. D’Cockpitscheif, d’Nues vum Fliger an och d’Turbinnen goufe staark beschiedegt – Haaptgrond: grouss Knëppelsteng. Vun der Nues ass net méi vill iwwereg, ze gesinn ass just nach d’Radarantenn vum Fliger.

Wéi et aus de Medien heescht, wier erstaunlecherweis kenger Persoun eppes eeschthaftes geschitt.