“Particularly Fluctuating Rainbow”: Baustell zu Heischent suergt fir Wiederphänomen

No laangem recherchéieren huet sech elo erginn, dass et um fréie Moie vum 23. Mäerz 2021 zu Heischent zu engem immens rare Wiederphänomen komm ass.

“Particularly Fluctuating Rainbow”

An de leschten Deeg an och Wochen hate mir et net all ze oft mat Reen ze dinn. Wann et zu e bësse Fichtegkeet komm ass, dann oft a Form vu Niwwelfelder, déi awer och net all ze zéi waren – d’Sonn konnt sech also ëmmer zimmlech séier duerchsetzen. Besonnesch op de méi héije Koppe vum Land, wéi z.B zu Heischent, ka sech de Niwwel oft e gutt Stéck méi laang halen. Duerch bestëmmt atmosphäresch Konditiounen a Viraussetzungen um Buedem ass et doduerch op der N15, am Ausgang vun Heischent net wäit vum Policebüro, zu engem immens rare Phänomen komm – engem sougenannte Fluctuating Rainbow.


De Faarfspektrum vun engem Reebou. Alles vun 600 nm un ass besonnesch ufälleg fir ee Particularly Fluctuating Rainbow | Grafik: wikipedia

Ënnert engem Fluctuating Rainbow (kuerz FR) (Lëtzebuergesch: variable Reebou) versteet een e Reebou, bei deem all d’Faarwen an enger Zäitspaan vun e puer Sekonne bis hin zu Minutten ëmmer erëm liicht an hire Faarftéin änneren. Um fréie Moie vum 23. Mäerz 2021 hu net all d’Faarwe vum Spektrum variéiert, mee méi déi kuerzwelleg Téin wéi orange, rout a moof. An dësem Fall also e “Particularly Fluctuating Rainbow” (PFR), déi nach e gutt Stéck méi rar sinn.

Bal perfekt Konditiounen

Fir dass et zu engem Reebou vun der “Fluctuating”-Zort kënnt, brauch ee fir d’éischt ee normale Reebou. Den 23. Mäerz 2021 huet et géint 10:45 zwar net gereent, mee de Niwwel war kuerz virum opléisen. E gënschtegen Afalwénkel vun de Sonnestralen huet dunn dofir gesuergt, dass d’Sonnestralen am exakt richtege Wénkel un de klenge Waasserdrëppsercher vum Niwwel an hir Spektralfaarwen zerbrach goufen – déi typesch Reebou-Faarwe si liicht siichtbar ginn.


D’Reendrëpsen dénge quasi als Prisma, duerch deen sech d’Sonneliicht an déi eenzel Spektralfaarwe splécke léisst. Änlech ass et och bei de sougenannte “Niewesonnen”, wou d’Sonneliicht un den Äiskristaller an der Loft gebrach ginn. Grafik: leifiphysik.de

Wéi kënnt de Particularly Fluctuating Rainbow dann elo zustan? An dësem Fall brauch een eng gewëss “Stéierquell”, déi besonnesch déi méi kuerzwelleg Faarftéin vum Faarfspektrum beaflosse kënnen an dës séch am Reebou selwer erëmspigelen. Duerch eng rout Luucht, déi den 23. Mäerz 2021 nach wéinst engem Chantier am Ausgang vun Heischent a Richtung Feele stung, war dës Konditioun vun enger Stéierquell erfëllt. D’Luucht, déi vun der Stroosseluucht ausgaang ass, huet fir e puer Minutten duerch d’Reflektéierung un de Waasserdrëppsercher an der Loft dofir gesuergt, dass déi roudelzech Téin vum Reebou variiéiert hunn. Am beschte beobachte konnt een dëst Phänomen net direkt op der Plaz, mee méi wäit fort – an zwar vun iwwerall do, wou den Ufank vum Reebou scheinbar genee um Standpunkt vun der rouder Luucht gewiescht ass. Et konnt een also iwwert eng kuerz Zäit vu wäitem gesinn, ob d’Luucht grad rout oder gréng ass.