Partiell Mounddäischtert de 16. Juli 2019

No der totaler Mounddäischtert vum 21. Januar 2019 erwaart eis den Dënschden, 16. Juli 2019, déi zweet vun eis aus siichtbar Mounddäischtert vum Joer.

Ufank vun der Däischtert net siichtbar

Den Dënschden hu mir de südlechste Vollmound vum Joer, wouduerch de Mound net wäit iwwert dem Horizont stoe wärt. Zu deem Zäitpunkt, wou en an den Hallefschiet vun der Ärd geréit, ass en bei eis zu Lëtzebuerg nach ënnert dem Horizont, also nach net opgaang.

Dës partiell Mounddäischtert wärt also an den Owesstonnen ufänken. Um 20:43 Auer wärt de Mound an den Hallefschied vun der Ärd antrieden, waat een awer, wéi gesoot, an eise Géigende net wärt gesinn. Géint 21:31 Auer geet de Mound réicht am Südosten op. Um 22:01 Auer geet déi partiell Däischtert un an areecht um 23:30 Auer hire Maximum. Um 00:59 Auer (17. Juli) ass déi partiell Phase eriwwer an um 02:17 Auer trëtt de Mound rem aus dem Hallefschied aus.

D’Däischtert wärt sech also vun 21:31 Auer un vum Südosten an de Südwesten zéien. Am beschte gesäit een se, wann een sech außerhalb vun engem Duerf oder enger Stad an der Däischtert installéiert, well do keng bis nëmme bësse Liichtverschmotzung ass.

Grafesch Duerstellung (calsky.com)

Wéi gëtt d’Wieder?

Den aktuelle Wiedermodeller no (Stand: 14.07.2019 – 21:48 Auer) wärte bei Moundopgang nach eng Partie Wollécken iwwert eist Land zéien. Wann de Mound an déi partiell Phase iwwergeet, gëtt et awer ëmmer manner wolléckeg. An der zweeter Nuetshalschend zéien e puer eenzel Wollécken iwwert den Himmel, de Mound sollt een awer kënne gesinn.

D’Temperature wärten um 22 Auer zëschen 12 an 18 Grad leien, géint Mëtternuecht bei 10 bis 16 Grad. Wann d’Mounddäischtert vum 02:17 Auer eriwwer ass, leie se nach bei 9 bis 16 Grad. Mat enger Jackett ass also näischt falsch gemaach.

Waat ass eigentlech eng Mounddäischtert?

Zu enger Mounddäischtert kënnt et wa Sonn, Ärd a Mound (bei Vollmound) an enger Linn zuenee stinn. Dobäi gehäit d’Ärd hiere Schied op de Mound, soudass dëse net méi ganz siichtbar ass. Am Fall vun enger totaler Mounddäischtert kënnt kee Sonneliicht méi um Mound un.

Wéieng Zorte ginn et?

Total Mounddäischtert: De Mound trëtt komplett an de Kärschied vun der Ärd an erfaasst déi gesamt soss siichtbar Fläch vum Mound.
Partiell Mounddäischtert: Gëtt de Mound nëmmen en Deel vum Kärschied vun der Ärd bedeckt, schwätzt een vun enger partieller Mounddäischtert.
Hallefschied-Mounddäischtert: An dësem Fall trëtt de Mound entweder ganz oder nëmmen hallef an den Hallefschied vun der Ärd an.