
An der nächster Nuecht passéiert eis eng Kalfront, déi eis e ganze Koup Wolleke bréngt. Fir dass een déi partiell Sonnendäischtert vu muer ongestéiert ka kucke, mussen déi sech séier genuch verzéien.
Advertisement
UPDATE 29.03.2025 – 10:50 Auer
Nodeems sech de Nidderschlag, deen eigentlech fir d’Nuecht ugekënnegt hat, kuerz viru Lëtzebuerg opgeléist huet, sinn d’Konditioune fir d’Beobachtung vun der Däischtert an Tëschenzäit nach besser ginn, wéi gëschter an dësem Update-Artikel ugeschwat. Se geet um 11:16 un, erreecht um 12:07 hire Maximum an ass um 12:59 Auer eriwwer. Dat eenzegt, wat elo nach e bësse ka stéiere, sinn eenzel Schleierwolleken déi aus der Belsch op eis iwwergräife kéinten. Alles an allem sinn d’Konditiounen awer meeschtens gutt. Denkt drun, net mam bloussen Aen an d’Sonn ze kucken, well dat séier Blessuren ervirruffe kann. Benotzt en typesche Sonnenfinsternis-Brëll – beschtefalls. E Sonnebrëll, Schweessbrëll an alles, wat net spezifesch fir Sonnendäischterte gesuergt ass, bitt kee richtege Schutz.

D’Konditiounen hu sech verbessert
Déi partiell Sonnendäischtert fënnt egal wéi statt – astronomesch Eventer wéi dëst kënnen immens laang am Viraus identifizéiert an agegrenzt ginn. Dat eenzegt, wat dem ganzen theoretesch nach kéint Steng an d’Weeër leeën, ass d’Wieder. An de leschten Deeg hu mir jo drop opmierksam gemaach, dass eis fir déi kommend Nuecht eng Kalfront usteet. Dës Front bréngt eis e ganze Koup Wolleken op Lëtzebuerg, déi och nach bis muer de Moie fréi wäerte bei eis bleiwen. Laut de Berechnungen aus de leschten Deeg sollte sech d’Chancen op gréisser Wollekelächer eréischt vum Nomëtten u verbesseren, wat fir d’Däischtert awer ze spéit wier. Se geet nämlech um 11:16 un an ass um 12:59 Auer eriwwer.

Dem mëttlerweil neie Stand no huet sech den Zäitpunkt, vun dem un et soll besser ginn, en Tick no vir verréckelt. Et sinn eng Rëtsch Modeller déi elo undeiten, dass den Himmel schonn am Virmëtten ufänkt, Stéck fir Stéck opzerappen. Insgesamt soll et awer nach bis an de Nomëtten dauere, bis d’Wolleke keng gréisser Roll méi spillen. Heescht: Schonn vum Virmëtten un klammen d’Chancen, dass een d’Däischtert awer ka beobachten, och wann dann nach e puer Wolleken ënnerwee sinn. Duerch d’Stréimungsmuster sinn d’Chancen am Nordweste vum Land am héchsten, am Südoste weist sech d’Besserung fir d’lescht.
Am Endeffekt kënnt et op déi spontan Entwécklungen un. An awer kënne mir schlussfolgeren, dass d’Chancen op eng méi oder manner “okay” oder gutt Observatioun an d’Luucht gaange sinn. Hoffe mir dat bescht.