Pas-de-Calais: No schroen Iwwerschwemmungen op e Neits gréisser Reenzommen

No de schroen Iwwerschwemmungen am äusserste Nordweste vu Frankräich hunn d’Modeller bis Enn der Woch keng all ze gutt Norichten. Et ass op e Neits mat gréissere Reenzommen ze rechnen.

Advertisement

De Nordwesten kënnt net zur Rou

Fir e Méinden hat Météo France déi héchst Warnstuf fir den Département Pas-de-Calais erausginn, dat wéinst schroen Iwwerschwemmungen. An Tëschenzäit ass op e Neits d’Alerte Orange aktiv, dat wéinst neie kräftege Nidderschléi. Wéi de ministre de la transition écologique, de Christophe Béchu, de Mëtte matgedeelt huet, kéint et net ausgeschloss ginn, dass am Laf vun der Zäit eventuell erëm muss op d’Alerte Rouge eropgeschalt ginn.


D’Reenzommen bis e Sonnden inclus laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

Duerch déi variabel Westwiederlag hu net nëmme mir heiheem et ëmmer erëm Reen ze dinn, mee och ëmmer nach de Nordweste vu Frankräich. Eng Front no där anerer zitt duerch, e Sonnden fläit esouguer nach eng Kéier eng méi kräfteg. Wat d’Reenzommen bis de Sonnden inclus ugeet, rechent den däitsche Modell ICON-EU mat tëscht 60 a knapp 100 l/m² knapp südwestlech vu Calais a virun allem tëscht Boulogne-sur-Mer a Berck. Den europàesche Modell gesäit eng breet Sträif laanscht d’Mier mat 50 bis punktuell 90 l/m² an den amerikanesche Modell berechent esouguer e gréissere Beräich iwwer Land mat 60 bis 90 l/m², deen sech vun Dieppe aus iwwer Berck, Béthune, Lille, Saint-Omer, Calais a Boulogne zitt. Gréisser Deeler vum Westen vun der Belsch wieren och dovu betraff.

Egal wéi vill et am Endeffekt exakt wäert reenen, et ass erëm vill an et dréit net onbedingt dozou bäi, dass sech d’Situatioun nohalteg verbessert – op d’mannst mol bis e Sonnden.