
Well et sech dës Kéier also erëm méi ëm POTENZIELL lokal enk begrenzt Schliet handelt a net ëm groussflächege Reen, rechnen d’Wiedermodeller all mat eppes aneren. Den amerikanesche Modell GFS rechent mat tëscht 1 a 5 l/m², dat meescht soll am äusserste Süde vum Land erofkomme. Méi wäit ëstlech vu Lëtzebuerg, am Beräich Tréier, gi Wäerter vu bis zu 23 l/m² gerechent.
Den europäesche Modell ECMWF ass mat 0 bis 2 l/m² dobäi, déi däitlechst Nidderschlagssignaler ginn et iwwert dem äusserste Norde vum Land. Och laanscht de Westen ass d’Warscheinlechkeet erhéicht. De franséischen ARPEGE simuléiert 0 bis 1 l/m², iwwert der Nordhallschent gëtt dee meeschte Reen gerechent. Ongeféier am selwechte Beräich gesäit den däitschen ICON tëscht 0 an 2 l/m².
Wou et an de nächste Stonne reent, ka kee viraussoen. Eréischt wann d’Schliet schonn um Radar ze gesi si, léisst sech kuerzfristeg soe, wéi staark se sinn a wouhin se zéien.