Philippinen: 45 Mënsche stierwen duerch Tropestuerm NALGAE

D'lescht Woch hate mir zesummen op d'Situatioun op der anerer Säit vun der Welt gekuckt. An Tëschenzäit huet den Tropestuerm d'Philippinen passéiert an huet Spueren hannerlooss.

Gemëttelt Wandvitesse vun 100 km/h, méi wéi 240 l/m² Reen

D’Philippinen hunn en immens onrouege Weekend hannert sech. De Freide war den Tropestuerm NALGAE u Land gaangen an huet sech dunn iwwert déi nërdlech Mëtt vum Land gezunn. De Kär vum Stuerm ass de Samsdenowend knapp nërdlech un der Haaptstad Manila duerchgezunn, dat nach mat gemëttelte Wandvitesse vun ëm 95 km/h. Besonnesch am méi nërdlechen Deel hu Wiederstatioune Reequantitéite vu bis zu 244 l/m² gemooss, tëscht de Statiounen dierft et awer och mol ëmt e villfaches méi gewiescht sinn.

De ville Wand an den extreme Reen komme leider net ouni Konsequenzen: dem aktuelle Stand no hu 45 Mënschen hiert Liewe verluer – Haaptuersaach waren enorm Iwwerschemmungen, Äerdrëtsch a Bullislawinnen. An Tëschenzäit war d’Riets vu 72 Doudesaffer, dës Zuel ass dunn awer erëm no ënne korrigéiert ginn.

D’Philippinnen ginn duerchschnëttlech 20 Mol d’Joer vun engem Tropestuerm oder Taifun getraff. De NALGAE war iwwert de Philippinen net besonnesch staark, an awer huet en duerch seng Gréisst enorm Waassermassen iwwert dem Land ofgelooss.

Stuerm ëmmer nach aktiv, China am Viséier

De Stuerm läit elo kuerz viru China a wäert sech iwwert dem waarme Mier op ee Neits verstäerken. Haut am Laf vum Dag gëtt aus dem Tropestuerm en Taifun, dat mat gemëttelte Wandvitesse vun 120 km/h. Um fréien Dënschdemoie soll e sech dann weider intensivéieren, 140 km/h gi simuléiert. Dem momentane Stand no soll de Stuerm de Samsden als normalt Stuermdéif op der chinesescher Insel Hainan u Land goen.


De weidere Parcours vum NALGAE | Grafik: zoom.earth