Plaatzeweis ënner -5 Grad: Et gëtt kuerzzäitëg knackëg kaal

Aus Nordosten zéien an dësen Deeg kill Loftmassen op Lëtzebuerg, déi sech awer scho gläich rem verzéie wärten.

Buedemfrascht, glaat Stroossen, knackëg kaal

Den Dënschden- an de Mëttwochmoie koum et plaatzeweis zu spigelglaate Stroossen. Wéi een de Wiedermodeller ofliese kann, sollt et nach bis de Samsden inclus biergoof mat den Temperature goen, ier rem eng Ännerung a Siicht ass.

Vir déi nächst Nuecht, also déi op den Donnëschde, gëtt am Norde mat Minimaltemperature vu 0 bis -3 Grad gerechent. An der Südhalschend vum Land si keng gréisser Ënnerscheeder ze erwaarden, do geet et och op 0 bis -2 Grad eroof. Duerch Nässt, déi um Buedem fréiert, kann et also rem glaat ginn.

Um Freide gerooden eis déi nach méi kill Loftmassen. Während am Dag nëmme nach -2 bis 2 Grad ereecht ginn, ass an de fréie Moiesstonne vu -2 bis -4 Grad auszegoen. Am Norde wärt et verschidden Däller ginn, wéi z.B Schëmpëch, wou et mol bis op -8 Grad zréckgoe kann.

D’Nuecht op de Samsde wärt ähnlech verlaafen: Am Norde ginn d’Werter op -3 bis -6 Grad zréck, am Süden op -1 bis -4 Grad. An alle Fäll, sou also och an Nuechte virdu, muss mat lokal glaate Stroosse gerechent ginn.

Potenziell geféierlech Äisreen-Situatioun an der Nuecht op de Sonndë méigleg

An der Nuecht op de Sonndë kommen aus Weste rem méi mëll Loftmassen an d’Land eragezunn, dëst awer a Form vun engem Frontesystem. An der Héicht entfällt de Nidderschlag der Wolléck als Schnéi/gefruerene Nidderschlag. Dësen duerchfällt dann déi méi waarem Loftschicht (d’Kant vun der Waarmfront), déi op der méi killer Loftschicht (déi op Buedemhéicht ass, well kaal Loft méi schwéier ass) “sëtzt”. Sou entdeet de Nidderschlag um Wee no ënnen an der méi waarmer Loftmass, ier en, wann en an der méi killer Loftmass ukënnt, rem fréiert a sou och op de gefruerene Buedem trëfft. De Nidderschlag fréiert direkt fest an zustaane kënnt de Glaatäisreen/Glëtz.

Dass et zu dëser Situatioun komme wärt, ass nach net sëcher. D’Modeller deiten dëst awer scho méi laang un, waat e Grond ass, dëst méi genee am Aen ze behaalen. Dir wärt stännëg heizou um Laafende gehaale ginn.

Schematësch Duerstellung zum Glaatäisreen (DWD)