Plazeweis ass et wäiss! Wat bréngen eis déi nächst Stonnen?

Déi kill Loftmassen iwwer eise Käpp bréngen e puer Schnéischaueren, lokal Knëppelsteng an och eenzel Blëtzentluedunge si net ausgeschloss. Wéi geet et viru mam Schnéi?

Advertisement

E klenge Bonjour vum Wanter, mee kee Comeback!

De Wanter weist eis dëse Weekend einfach, dass et ëmmer nach seng Joreszäit ass – all ze vill ze mellen hat en an de leschte Wochen an Deeg jo awer net wierklech. An och elo de Moment handelt et sech einfach just ëmt e kuerze Mix doraus, deen an déi variabel Westwiederlag mat agebonnen ass, ënnert där mir de Moment leien. Et ass also net domat ze rechnen, dass et sech ëmt e nohaltege Comeback vum Wanterwieder handelt.

Mee: Och wann et net nohalteg ass, kann et natierlech trotzdeem kuerzzäiteg wéi nach e bësse Wanter ausgesinn – dat hate mir an de leschten Deeg och an eiser Météo um 7 behandelt. De Moment zéien e puer Schaueren duerch, deels méi kräfteger – an ënnert dëse kënnt et eben och mol zu Schnéischaueren. Besonnesch op de Koppen ass et plazeweis ugezockert, eent vun de Beispiller wier d’Ëmgéigend ronderëmt Gréiwels.

Wat kënnt nach no?

Fir de Rescht vum Weekend sti nach e puer Nidderschléi un, vun de Quantitéiten hier ass et elo awer net besonnesch vill. Fir dës Nuecht, also déi op e Sonnden, rechne verschidde Modeller mat enger schwaacher Front, déi eis nach en Tick méi verbreet ka Schauere bréngen. D’Temperature sollen dobäi op tëscht 0 an 2 Grad zréckgoen, wat also fir eng weider dënn Schnéicouche oder Gezockers lokal realistesch wier.


D’Nidderschléi iwwert déi nächst Stonnen | Animatioun: wxcharts.com

Muer um Sonnden trieden dagsiwwer och mol nach e puer Schaueren op, et ass méi bedeckt wéi haut. Zumools fir de spéideren Owend an d’Nuecht op e Méinde bréngt eis en Déifdrockgebitt e gréissert Nidderschlagsgebitt, un dem et duerch Minimaltemperature vun tëscht 1 an 2 Grad erëm ka schneien. Haaptsächlech op de Koppe wier kuerzzäiteg mat Schnéischaueren ze rechnen, déi fläit e bësse méi kräfteg kënnen ausfalen. Hei géif et dann och wäiss ginn, ier dat Ganzt e Méinden dann schonn erëm Schnéi vu gëschter wier.