De Moment ass d’Äerd vum stäerkste geomagnéitesche Stuerm zanter 2003 betraff, d’NOAA gëtt weiderhi keng Entwarnung. Klappt alles, da gesi mir se dës Nuecht op e Neits!
Advertisement
Stäerkste geomagnéitesche Stuerm zanter 2003
Et muss ee soe wéi et ass: D’Polarliichter an der vergaangener Nuecht waren esou intensiv wéi schonn ganz laang net méi. Et war e geomagnéitesche Stuerm vun der Stäerkt G4 erwaart ginn, doraus ginn ass awer an extreem staarke Stuerm vun der Stäerkt G5. D’Polarliichter, déi doduerch entstane sinn, waren deelweis esouguer bis an de Mëttelmierraum (Beispill Portugal) ze gesinn. Hei zu Lëtzebuerg ware se direkt siichtbar, nodeems d’Sonn ganz ënnergaange war. Am Ufank war et just e liichte gréngelzechen a roudelzeche Schimmer, ier et dunn abrupt zu immens intensiven Faarwe koum.
Schold drun si Sonneneruptiounen (koronal Massenauswërf), déi mat Vitesse vu méi wéi 700 km/s op d’Äerdmagnéitfeld treffen. Dat geschitt net konstant, mee a Stéiss – a genee esou konnt een dat an der vergaangener Nuecht och beobachten. Heiansdo war erëm bal näischt ze gesinn, ier de nächste Stouss mat neien, immens spektakuläre Polarliichter koum.
De Space Weather Prediction Center gëtt keng Entwarnung
Den Déngscht vun der NOAA huet bekanntginn, dass et haut de Mëtten op e Neits zu Intensitéite vu G5 komm ass – also leider matten am Dag. Eng Entwarnung gi si awer net: Si rechnen domat, dass de Stuerm mat variabelen Intensitéiten nach op d’mannst bis muer, also de Sonnden inclus, wäert undaueren. Dat bedeit, dass och an der kommender Nuecht (11.05/12.05) op ee Neits Polarliichter wäerten ze gesi sinn.
The extreme geomagnetic storm continues and will persist through at least Sunday… pic.twitter.com/GMDKikl7mA
— NOAA Space Weather Prediction Center (@NWSSWPC) May 11, 2024
Wat awer leider net esou genee ofzeschätzen ass, wéi intensiv se ausfalen. Wäerten se erëm ouni Probleemer mam bloussen Aen ze erkenne sinn, oder ass et just eppes fir Kameraen mat Laangzäitbeliichtung? Dat wäerte mir am Laf vum Owend spontan erausfannen. Mee sollt alles klappen, a wa mir genuch Chance hunn, da kéint et erëm änlech ginn wéi an der vergaangener Nuecht.
Wéi beobachten ech se am beschten?
Déi bescht Geleeënheet fir se ze gesinn hutt Dir, wa Dir se vu wäit ausserhalb vun enger Uertschaft/Stad oder Duerf kuckt – all méiglech Liichtverschmotzung beanträchtegt nämlech d’Vue an den Himmel. Et soll also am Idealfall stackdäischter sinn. D’Bléckrichtung war an der vergaangener Nuecht net fix de Norden, mee d’Polarliichter hu sech esouguer deelweis riicht iwwert eise Käpp gewisen. Vu West no Ost si se also, je no Intensitéit, ze gesinn.
D’Auerzäit ass nëmme schwéier ofzeschätzen, well et wierklech direkt domat zesummenhänkt, wéi a wéini d’Plasmawolleken op d’Magnéitfeld treffen. Dohier: Soubal et däischter ass ëmmer erëm raus luusse goen.
Vum Wieder hier kënne laut den aktuelle Modellrechnungen just e puer méi Wolleken ënnerwee sinn, wéi dat an der leschter Nuecht de Fall war. Et heescht also Daumen drécken – dat eben a Saache Wieder mee och wéi sech d’Intensitéit vum geomagnéitesche Stuerm an dëser Nuecht tatsächlech wäert op eis Äerd auswierken.