Portugal a Spuenien: De subtropesche Stuerm PATTY ass ënnerwee

Gëschter huet de National Hurricane Center e weidere Numm verginn: PATTY! De subtropesche Stuerm läit iwwert den Azoren an zitt elo a Richtung Portugal a Spuenien.

Advertisement

D’PATTY ass de 16. benannte Stuerm

Nom KIRK ass d’PATTY de nächste Stuerm mat tropeschen Eegeschaften, deen op eise Kontinent duerzitt. De Stuerm huet sech gëschter Moien (Samschden) aus engem Beräich mat déiwem Loftdrock eraus forméiert an ass aktuell e subtropesche Stuerm mat duerchschnëttleche Wandvitesse vu 85 km/h. E läit iwwert den ëstlechen Azoren, fir déi de National Hurricane Center och eng “Tropical Storm Warning” erausginn huet.


De viraussiichtleche weidere Lafwee vum PATTY laut National Hurricane Center | Grafik: hurricanes.gov

E subtropesche Stuerm huet Eegeschaften vun engem klasseschen Tropestuerm, mee awer och vu sougenannten aussertropeschen Déifdrockgebitter. Se forméiere sech meeschtens am Iwwergangsberäich tëscht tropeschen a geméissegten Klimazonen. Bei subtropesche Stierm trieden déi markantst Wandvitessen méi wäit vum Aen ewech op, iwwerdeems se bei den typeschen Tropestierm direkt an der sougenannter “Eyewall” unzefanne sinn. Subtropesch Stierm kënne sech och zu “richtegen” Tropestierm weiderentwéckelen, wat an dësem Fall allerdéngs net esou wäert sinn, well d’Waasseruewerflächentemperaturen dat net zouloossen.

Zanter dem Joer 2003 handhabt de National Hurricane Center subtropesch Stierm genee esou wéi Tropestierm, andeems si och fir dës ausféierlech Prognosen an Analysen erausginn. Se kréien och Nimm, déi all Joer fir déi ënnerschiddlech tropesch Systemer an Hurrikanen virgesi ginn.

D’PATTY trëfft op Portugal a Spuenien

Muer de Moien (Méinden) schwächt sech d’PATTY of an ass dann nach e posttropeschen Zyklon – also en Zyklon/Stuermdéif mat enger (sub)tropescher Vergaangenheet. De Berechnunge no wäert en an der Nuecht op en Dënschden nëmme nach e puer wéineg Kilometer westlech vu Porto leien, fir dann en Dënschdenowend iergendwou am Grenzgebitt tëscht Portugal a Spuenien unzekommen. An der Moyenne ass de Wand dann nach mat 45 km/h ënnerwee, ass a Saache Wand also net méi wierklech geféierlech. Wat d’Reenzomme betrëfft ass och net méi all ze vill ze erwaarden, déi aktuell Berechnungen zéie sech vun 20 bis héchstens ëm 60 l/m².