Portugal a Spuenien: Méi wéi 1700 Mënschen duerch Hëtzt ëmkomm

Alleng a Portugal a Spuenie sinn an de leschten Deeg méi wéi 1.700 Mënschen am Zesummenhang mat der Hëtztwell gestuerwen. En Enn vun den immens héijen Temperaturen ass do ënne net a Siicht.

Hëtzt “open end”

Eng historesch Hëtztwell mat enger genee esou markanter Dréchent huet grouss Deeler vun Europa am Grëff. Duerch eng ganz Partie Bëschbränn, ënnert villen aneren a Frankräich, Spuenien a Portugal hunn dausende missen hiert Doheem verloossen.

Dem spuenesche Carlos III Institut no sinn alleng a Spuenien 678 Mënschen am Zesummenhang mat der Hëtzt gestuerwen, dat tëscht dem 10. an dem 17. Juli.

Och Portugal mellt der Norichtenagence Reuters, dass tëscht dem 7. an dem 18. Juli 1.063 Persounen duerch d’Hëtztwell gestuerwe sinn.


“Open End” vun der Hëtztwell fir vill Géigenden am Mëttelmierraum | Animatioun: wxcharts.com

Zuelen aus den anere Länner mussen ofgewaart ginn. D’Hëtztwell erreecht haut hire Maximum iwwer Däitschland, ier se sech weider an den Osten verzitt. Iwwert dem ganze Mëttelmierraum, dorënner och Portugal, Spuenien an Italien, ass keen Enn vun der Hëtzt an Drécheperiod a Siicht. D’Situatioun ka sech doduerch leider nach vill méi wäit verschäerfen.