Portugal: Aussertropesche Stuerm THETA keng Gefor méi fir Madeira

Den aussertropesche Stuerm THETA sollt virun e puer Deeg nach de Modellrechnunge no iwwer Madeira ewechzéien. D’Gefoer huet sech awer an Tëschenzäit däitlech verréngert.

Stuerm soll sech ofschwächen

Wéi an dësem Artikel erwäänt gehat, ass am Raum vun der portugisescher Insel Madeira en aussertropesche Wirbelstuerm ënnerwee. Di neist Wiedermodellrechnunge weisen awer, dass de Stuerm an Tëschenzäit keng Gefor méi duerstelle soll.


D’Warscheinlechkeet vum Antreffe vu Wandvitesse mat Tropestuerm-Intensitéit fir déi nächst 5 Deeg | Grafik: nhc.noaa.gov

Den THETA läit de Moment iwwert dem oppenen Atlantik a produzéiert Wandvitesse vun an der Moyenne 80 km/h, an de Spëtzten 105 km/h. Bis muer de Moie soll de System nach weider a Richtung Osten/Ost-Südosten zéien ier e sech dann awer ëmmer méi ofschwächt a kuerz viru Madeira a nërdlech Richtungen ofdrifte soll. Et ass wuel viraussiichtlech mat spierbare bis stiermesche Wandstéiss op der Insel ze rechnen, mee d’Portugise gesinn näischt wat se nach net gesinn hunn.

De Stuerm wäert sech den Dënschde viraussiichtlech ëmmer méi an e klengt Randdéif verwandelen an um Mëttwoch un der Westküst vu Spuenie fir stiermesche Wand suergen.