Portugal & Spuenien: Méinden & Dënschden Risk vun Iwwerschwemmungen duerch zolitte Reen

En Déif, wat säin Uersprong knapp ëstlech vu Florida huet, erreecht Ufanks der neier Woch Portugal a Spuenien. Aktuell Modeller rechne mat zolittem Reen, deen zu Iwwerschwemmunge ka féieren.

Advertisement

Uerdentleche Reen fir Deeler vu Portugal a Spuenien

Schonn haut um Freiden reent et méi kräfteg am äusserste Norde vu Portugal/un der Grenz zu Spuenien. No enger kuerzer Berouegung kënnt e Méinde viraussiichtlech eng Kalfront eragerauscht, déi méi groussflächeg verdeelt staarke bis zolitte Reen ka bréngen. Déi berechent Reenzommen loossen drop schléissen, dass et zu Iwwerschwemmunge ka kommen. Nieft dem Reen hätt och de Wand e Wuert matzeschwätzen. Mee elo mol der Rei no.

De Verlaf

De Modellrechnunge no erreechen déi éischt méi kräfteg Nidderschléi schonn an der Nuecht op de Méinden den äusserste Weste vu Portugal – dës Nidderschléi wiere virlafend an hätte nach net direkt eppes mat der Kalfront ze dinn. Am Laf vum Dag breede sech dës Nidderschléi aus a se ginn ëmmer méi groussflächeg, soudass och Deeler vu Spuenien wäerte betraff sinn. Déi genee Agrenzung zu de Géigenden gesi mir gläich. D’Kalfront selwer sollt um spéide Méindenowend am Westen ukommen a kéint sech, je no Modell, mol nach bis an den Dënschdenomëtten eran zéien. Eenzel Modeller gesinn och nach d’Kombinatioun aus engem weideren Déif, wat ëmsou méi fir turbulent Wieder kéint suergen.


De viraussiichtleche Verlaf laut ECMWF-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Déi héchst Nidderschlagsquantitéite géifen tëscht dem Méindenowend 20 Auer an dem Dënschdenowend 20 Auer ustoen, dat mat 50 l/m² am Raum Ourense, Monforte de Lemos, Carballo an Santiago de Compostela a Spuenien. Hotspots ginn et awer virun allem am äusserste Norde vu Portugal, direkt un der Grenz zu Spuenien: Am Raum Outeiro a Campos kënnen an Zäit vu 24 Stonnen Quantitéite vun tëscht 80 an eppes méi wéi 100 l/m² erofkommen, dat selwecht gëllt fir de Raum Bragança.


Déi viraussiichtlech Reequantitéite bis den Dënschdenowend laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

E weideren Hotspot gëtt dann och fir de méi westlechen Deel vu Portugal berechent, dat fir de Raum Albergaria-a-Velha, Lourizela, Carvalhais an Oliveira de Azemeis. Bis zu 100 l/m² si méiglech. Iwwert der ëstlecher Mëtt vu Portugal, also och un der direkter Grenz zu Spuenien, ginn fir eng méi grouss Fläch Quantitéite vun tëscht 80 an 120 l/m² Reen berechent. Betraff dovun ass eng Sträif vun Panascos, Alvega, Vila Veiha de Radão, Vale Clérgio, Santo André das Tojeiras, Mata, Soalheira, Covilhà, Alcofozes, Monfortinho, … – souvill zur portugisescher Säit. Op der spuenescher Säit wieren vun dësem Gebitt de Raum Coria, Plasencia, an NAvalmoral de la Mata betraff.

D’Berechnunge vun de Wandvitesse fale nach e bësse méi onsécher aus. Op alle Fall wiere bei dem Ganzen Wandspëtzten vun tëscht 70 a 90 km/h ze erwaarden, op Erhéijungen a Bierger däitlech driwwer.